Gemeng Wuermeldeng
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Wormeldange de: Wormeldingen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Gréiwemaacher | ||||||
| Buergermeeschter: | Jean Beining | ||||||
| Awunner Gemeng: | 2.524 [1] (01.01.2012) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 1.725 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 36' 43" N 06° 24' 22" O |
||||||
|
D'Gemeng Wuermeldeng (orange) am Kanton Gréiwemaacher (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Wuermeldeng, op Miseler Wormer, d'"Rieslingsgemeen", ass eng vun den 106 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Haaptuertschaft ass Wuermeldeng.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
D'Gemeng Wuermeldeng läit un der Musel am Oste vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëschent ca. 140 an 340 m iwwer NN. Mat ca. 11 Kilometer Uferlängt vun der Hëttermillen bis op d' Deisermillen an 369 ha Wéngerten huet Wuermeldeng déi gréisste Wäibaufläch am Land.
Nopeschgemenge si Gréiwemaacher am Norden, Fluessweller a Lenneng am Westen a Stadbriedemes am Süden.
Zu Éinen lafen d'Gouschtengerbaach an d'Lennengerbaach zesummen an dann an d'Musel. Zu Wuermeldeng leeft d'Albaach an zu On leeft d'Donwerbaach an d'Musel.
Uertschaften an der Gemeng [änneren]
Häff a Lieu-diten an der Gemeng [änneren]
Verkéiersubannung [änneren]
Wichtegst Stroosseverbindung ass d'N10, déi och als Wäistrooss bekannt ass. Se leeft parallel laanscht d'Musel duerch di ganz Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 122, 122A, 122B, 122C, 134, 142, 143, 144, 146 an 146A duerch d'Gemeng.
Zu Wuermeldeng ass eng vun de véier Brécken iwwer de lëtzebuergeschen Deel vun der Musel, déi d'Gemeng mat der däitscher Uertschaft Wëncher (Wincheringen) verbënnt.
Schoulen [änneren]
D'Gemeng Wuermeldeng bedreift zesumme mat der Gemeng Fluessweller eng Regionalschoul mat Sportzentrum zu Dräibur. Eng Annexe vun der Schoul ass zu Nidderdonwen.
Jumelagen [änneren]
Wuermeldeng ass jumeléiert mat der portugisescher Gemeng Mortágua.
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Wuermeldeng ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och [änneren]
- Kierch Wuermeldeng
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wuermeldeng

- Naturschutzgebitt Kelsbaach
- Rieflaus
- Willy Prinz
- Lëscht vun den Uertschafte bei der Musel
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Wuermeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit vun der Gemeng Wuermeldeng
- Websäit vum Syvicol
- Websäit vum Schoulsyndikat Billek
- Websäit vum Club des Jeunes Wuermeldeng
Referenzen [änneren]
Betzder | Biwer | Fluesweller | Gréiwemaacher | Jonglënster | Manternach | Mäertert | Wuermeldeng