Gemengewalen (Lëtzebuerg)
Ënner Gemengewalen versteet een d'Wiel vum Gemengerot. Zu Lëtzebuerg sinn dës Walen all 6 Joer.
D'Modalitéite vun dëse Wale sinn am Walgesetz vum 18. Februar 2003 festgeluecht.
D'Zuel vun de Gemengeréit (d.h. de Membere vum Gemengerot) hänkt of vun der Awunnerzuel vun der Gemeng:
- Gemeng ënner 999 Awunner: 7 Memberen
- Gemeng mat 1.000 - 2.999 Awunner: 9 Memberen
- Gemeng mat 3.000 - 5.999 Awunner: 11 Memberen
- Gemeng mat 6.000 - 9.999 Awunner: 13 Memberen
- Gemeng mat 10.000 - 14.999 Awunner: 15 Memberen
- Gemeng mat 15.000 - 19.999 Awunner: 17 Memberen
- Gemeng mat iwwer 20.000 Awunner: 19 Memberen
- d'Stad Lëtzebuerg huet 27 Gemengerotsmemberen.
Doranner abegraff sinn de Buergermeeschter an d'Schäffen (Collège des bourgmestre et échevins - Schäfferot genannt). Jee no Gréisst vun der Gemeng gëtt et, nieft dem Buergermeeschter, 2 Schäffen (Gemenge mat manner wéi 10.000 Awunner), 3 (tëscht 10.000 an 19.999 Awunner) oder 4 (méi wéi 20.000). D'Stad Lëtzebuerg huet der 6.
Gewielt gëtt nom Majorz- (Gemengen ënner 3.000 Awunner) oder Proporzsystem.
Well d'Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst, ass d'Zuel vun de Proporz-Gemengen a knapps 20 Joer vu 27 (1993) iwwer 37 (2005) op 43 (2011) eropgaangen. 80% vun der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg lieft an enger Proporz-Gemeng.[1]
Fir däerfen ze wielen, muss een 18 Joer al sinn, säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, an do, wann een net Lëtzebuerger ass, op d'mannst 5 Joer an engem Stéck regulär gewunnt hunn. Fir Lëtzebuerger ënner 75 Joer besteet Walflicht, bei Net-Lëtzebuerger eréischt dann, nodeems se sech an d'Wielerlëschten agedroen hunn.
Passivt Walrecht, also d'Recht sech wielen ze loossen, hunn all Bierger vun der Europäescher Unioun d'Lëtzebuerger natierlech abegraff, iwwer 18 Joer, déi zënter méi wéi 6 Méint an der Gemeng, an där se kandidéieren, ugemellt sinn. Wéi beim Recht, ze Wielen, muss ee seng biergerlech Rechter hunn.
Bréifwal ass, ënner bestëmmte Conditioune, méiglech.
[änneren] Linken
[änneren] Um Spaweck
- Allgemeng Informatioun iwwert d'Walen zu Lëtzebuerg op www.gouvernement.lu
- Den 'Texte coordonné' vum Walgesetz vum 18. Februar 2003 esouwéi en am Mémorial A n° 31 vum 17.02.2011 publizéiert gouf
[änneren] Referenzen
- ↑ Lëtzebuerger Land, 12. Aug. 2011, S.3.