Gemini-Programm
De Gemini-Programm war nom Mercury-Programm den zweete bemannte Raumfaartprogramm vun den USA. Zil vum Gemini-Programm war d'Entwéckele vu Methoden an Technologie fir den Apollo-Programm. A sengem Kader goufen 1965 an 1966 zéng bemannt Raumflich gemaach, bei deenen d'Astronauten ënner aneren déi éischt amerikanesch Baussebordasätz trainéiert hunn.
Inhaltsverzeechnes |
D'Strategie[änneren]
Gemini gouf aus der Nout gebuer, woubäi et der NASA méiglech war, doraus eng Dugend ze maachen. No der Astellung vun de Mercury-Flich, dat war relativ kloer, géif e Lach vun dräi bis véier Joer entstoen, bis d'Apollo-Missiounen ufänke géifen. Wäertvoll Joren, déi dréngend gebraucht géifen, fir déi erfuerderlech Technologien, z. B. Kopplungsmechanismen, Liewenserhalungssystem, EVA-Kostümer asw., auszeprobéieren. Aus dësem Grond war ufanks geplangt, de Mercury-System zu engem Raumschëff fir zwéi Mann ëmzebauen, genannt Mercury Mark II. De Virdeel hätt doran geleeën, duerch Réckgrëff op bestoend Technik Entwécklungskäschten ze spueren an d'Zäit bis zum Ufank vum bemannten Apollo-Fluchprogramm sënnvoll iwwerbrécken ze kënnen. Déi wesentlech Verännerungen hätten am Abau vun engem zweete Sëtz, der Montage vun enger leeschtungsstaarker Manövréiereenheet an dem Asaz vun enger schonns existéierenden Uewerstuf als Docking-Attrappe bestanen.
Gemini steet am Laténgeschen fir d'Stärebild Gemini (Zwilling), woumat den Numm op dat zweesëtzegt Raumschëff an d'Rendezvous-Manöver Bezuch hëllt. Offiziell krut de Programm säi Numm den 3. Januar 1962, nodeem am Dezember 1961 ëm Virschléi gefrot gouf. Den Numm Gemini gouf vun zwou Persoune virgeschloen.
D'Astronauten[änneren]
Fir d'Ënnerstëtzung vun deenen schonns ausgebillten Mercury-Astronauten hat d'NASA sech den 18. Abrëll 1962 entschloss, fënnef bis zéng nei Astronauten ze rekrutéieren, wourop sech 253 Kandidate gemellt hunn.
De 17. September 1962 gouf d'Grupp 2, bestoend aus néng Astronauten, der Ëffentlechkeet virgestallt. Dëst waren Neil Armstrong, Frank Borman, Charles Conrad, James Lovell, James McDivitt, Elliott See, Thomas Stafford, Edward White an John Young.
D'Auswiel vun der drëtten Astronautegrupp hat de 5. Juni 1963 mat einer weideren Ausschreiwungen ugefaangen. D'NASA huet déi 14 erfollegräichst Kandidaten den 18. Oktober 1963 virgestallt: Edwin Aldrin, William Anders, Charles Bassett, Alan Bean, Eugene Cernan, Roger Chaffee, Michael Collins, Walter Cunningham, Donn Eisele, Theodore Freeman, Richard Gordon, Russell L. Schweickart, David Scott an Clifton Williams.
Domat war d'Zuel vun den aktive Astronauten fir d'Programmer Gemini an Apollo op 27 geklomm, well d'Mercury-Astronauten Glenn, Carpenter an Slayton aus verschiddene Grënn fir d'Gemini-Programm net zur Dispositioun stongen.
Den Theodore Freeman war den 31. Oktober 1964 bei engem Fligerongléück gestuerwen. Elliot See und Charles Bassett, déi als Crew fir d'Gemini 9 virgesi waren, koumen den 28. Februar 1966 och bei engem Fligerofstuerrz ëm d'Liewen. Den Virgil Grissom, den Edward White an den Roger Chaffee sinn de 27. Januar 1967 bei der Apollo-1-Katastroph gestuerwen, an de Clifton Williams war de 5. Oktober 1967 verongléckt.
Bemannt Missiounen[änneren]
| Missioun | Start | Landung | Dauer | Crew | Ziler | Bemierkung |
|---|---|---|---|---|---|---|
| Gemini 3 |
23. Mäerz 1965 | 23. Mäerz 1965 | 4h 52min | Virgil Grissom, John Young |
éischten 2-Mann-Fluch vun der USA | |
| Gemini 4 |
3. Juni 1965 | 7. Juni 1965 | 4d 1h 56min | James McDivitt, Edward H. White |
éischte Baussebordasaz (White) vun der USA | |
| Gemini 5 |
21. August 1965 | 29. August1965 | 7d 22h 55min | Gordon Cooper, Charles Conrad |
Aussetzen a Rendezvousmanöver mat engem matgefouerten Zilsatellit | 120 voll Äerdëmrondungen |
| Gemini 6 |
15. Dezember 1965 | 16. Dezember 1965 | 1d 1h 51min | Walter Schirra, Tom Stafford |
Rendezvous mat Gemini 7 | Dee fir Oktober 1965 geplangte Rendezvous mam onbemannten Agena-Satellit gouf gestrach, well deem seng Drorakéit nom Start explodéiert war.
De Start vu Gemini 6 gouf op den Dezember, nom Start vu Gemini 7, verréckelt. Dee Fluch ass och ënnert der Nummer 6-A gelaf. |
| Gemini 7 |
4. Dezember 1965 | 18. Dezember 1965 | 13d 18h 35min | Frank Borman, James A. Lovell |
Fluch deen zwou Wochen dauert, Rendezvous mat Gemini 6, deen e puer Deeg no Gemini 7 gestart gouf. | Missiounszil: Noweis fir d'Realiséiere vun engem Raumfluch dee 14 Deeg dauert |
| Gemini 8 |
16. Mäerz 1966 | 17. Mäerz 1966 | 10h 41min | Neil Armstrong, David Scott |
Kopplung mam GATV-Zilsatellit | Problemer mat der Steierung, d'Raumschëff geréit während der Kopplung mat der Agena a Rotatioun, Fluch ofgebrach |
| Gemini 9 |
3. Juni 1966 | 6. Juni 1966 | 3d 21min | Tom Stafford, Eugene Cernan |
Rendezvous mam ATDA-Zilsatellit | Geplangt Kopplung goung schief, well d'Verkleedung vum Zilsatellit sech net geléist hat |
| Gemini 10 |
18. Juli 1966 | 21. Juli 1966 | 2d 22h 47min | John Young, Michael Collins |
Kopplung mam GATV-Zilsatellit | éischt Kopplung mam Zilsatellit a Gebrauch vum Undriff vum frieme Raumkierper |
| Gemini 11 |
12. September 1966 | 15. September 1966 | 2d 23h 17min | Charles Conrad, Richard Gordon |
Kopplung mam GATV-Zilsatellit | |
| Gemini 12 |
11. November 1966 | 15. November 1966 | 3d 22h 35min | James A. Lovell, Edwin Aldrin |
Kopplung mam GATV-Zilsatellit | bis dohi längste Baussebordasaz mat 5,5 Stonnen |
Mat der Landung vu Gemini 12 de 15. November 1966 an noodeems de Gemini-Büro den 1. Februar 1967 zougemaach gouf, war de Gemini-Programm fäerdeg.
Technesch Daten[änneren]
Gemini-Raumschëff[änneren]
Haaptartikel zu dësem Thema : Gemini-Raumschëff
D'Landekapsel vum Gemini-Raumschëff war 5,8 Meter laang an hat en Duerchmiesser vun dräi Meter. D'Luken konnten während dem Openthalts am Weltraum op an zougemaach ginn, sou datt Aktivitéiten baussescht dem Raumschëff méiglech waren. E spezielle Kopplungsmodul war fir d'Undockmanöver virgesinn. D'Mass vun der Landekapsel ass ronn 3.800 kg schwéier. Et war fir d'éischt datt bei einem Raumschëff eng Polymerelektrolytbrennstoffzell als primär Energieversuergung agesat gouf. Net nees opluedbar Batterie waren nëmme fir den Neesantrëtt an d'Atmosphär a fir Noutfäll geduecht. Et war och fir d'éischt datt e Bordcomputer, de Gemini Digital Computer, fir d'Ënnerstëtzung vun der Besatzung bei Berechnungen agesat gouf. De Computer aus 5 Platinne mat 510 Modulen hat e Späicher vu nëmmen 4086 Befeelswieder vu jee 39 Bit Längt. Well sech dësen als ze kleng erausgestallt hat gouf hie vu Gemini 8 un duerch e Magnéitbandlafwierk ergänzt, dat d'Späicherkapazitéit op dat siewefacht vergréissert huet.[1]
Seriennummeren vun de Rakéiten[änneren]
Wéi d'Mercury-Redstone- an Mercury-Atlas-Rakéiten virun hinnen, gouf och d'Gemini-Titan-Rakéite vun der NASA iwwer d'United States Air Force geuerdert a waren eigentlech Rakéiten, déi fir militäresch Asätz geduecht waren. D'Air Force war fir de Startkomplex 19 op der Cape Canaveral Air Force Station verantwortlech an hat all Gemini-Starte virbereet an ausgeféiert. Dofir haten déi éischt an zweet Stuf och Seriënummere vun der US-Air Force. Si waren op jee géigeniwwerleiende Säiten um ënneschten Enn vun der Stuf ubruecht. Well d'Rakéiten am Joer 1962 bestallt goufen, sollt eng Serienummer eigentlech der Virlag 62-12XXX nokommen. Op de Stufe vun der Titan II war awer nëmmen 12XXX vermierkt.
- 12556 – GLV-1 – Gemini 1
- 12557 – GLV-2 – Gemini 2
- 12558 – GLV-3 – Gemini 3
- 12559 – GLV-4 – Gemini 4
- 12560 – GLV-5 – Gemini 5
- 12561 – GLV-6 – Gemini 6–A
- 12562 – GLV-7 – Gemini 7
- 12563 – GLV-8 – Gemini 8
- 12564 – GLV-9 – Gemini 9A
- 12565 – GLV-10 – Gemini 10
- 12566 – GLV-11 – Gemini 11
- 12567 – GLV-12 – Gemini 12
- 12568 – GLV-13 Bestallt vun der NASA 1962, ofbestallt den 30. Juli 1964 / net gebaut
- 12569 – GLV-14 Bestallt vun der NASA 1962, ofbestallt den 30. Juli 1964 / net gebaut
- 12570 – GLV-15 Bestallt vun der NASA 1962, ofbestallt den 30. Juli 1964 / net gebaut
Referenzen[änneren]
- ↑ Bernd Leitenberger: Das Gemini Programm S.22
Kuckt och[änneren]
- Raumfaart
- Lëscht vun de bemannte Raumfaartmissiounen
- Mercury-Programm
- Geschicht vun der Raumfaart
- Raumfaart-Katastrophen
- Gemini-Raumkostüm
- Astronaut Maneuvering Unit
Literatur[änneren]
Däitschsprocheg Literatur ass gekennzeechent
NASA-Mission-Reports[änneren]
- Robert Godwin: Gemini 12: The NASA Mission Reports; Apogee Books, 2004; ISBN 1-894959-04-3 (Buch & CD)
- Robert Godwin: Gemini 7: The NASA Mission Reports; Collector’s Guide Publishing, 2002; ISBN 1-896522-82-3 (Buch & CD)
- Robert Godwin: Gemini 6: The NASA Mission Reports; Apogee Books, 2000; ISBN 1-896522-61-0 (Buch & CD)
Allgemeng[änneren]
- Carl R. Green: The Gemini 4 Spacewalk Mission; Myreportlinks.com, 2004; ISBN 0-7660-5163-3
- David M. Harland: How NASA Learned to Fly in Space: An Exciting Account of the Gemini MissionsM Apogee Books, 2004; ISBN 1-894959-07-8
- Helen Zelon: The First America Space Walk: The Gemini IV Mission; PowerKids Press, 2002; ISBN 0-8239-5771-3
- David J. Shayler: Gemini; Springer-Verlag Telos, 2001; ISBN 1-85233-405-3
- Diane M. und Paul P. Sipiera: Project Gemini; Children’s Press, 1997; ISBN 0-516-20441-6
- (de) Divers: Menschen zum Mond – Gemini 4 und Gemini 6/7; Inter-Pathé-Film Ing. Paul Schmitt GmbH + Co KG; ISBN 3-89396-119-4
- (de) Bernd Leitenberger: Das Gemini Programm: Technik und Geschichte; 3., erweidert Oplo. Books on Demand, Norderstedt 2010, ISBN 978-3-83914-7-986.
DVDs[änneren]
- (de) Das NASA Programm – Das Gemini Programm; ASIN B0006SWIDI
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Gemini-Projekt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gemini-Säite vun der NASA:
- (en) Gemini – Dokumentatioun vum Kennedy Space Flight Center
- (en) NASA: Project Gemini (ausféierlech Chronologie)
- (en) On the Shoulders of Titans: A History of Project Gemini Online-Versioun vun engem NASA-Buch
- (en) Humanspaceflight – Fotoen zum Gemini-Programm
- (en) Héichopgeléiste Fotoen zum Gemini-Programm
- Aner Websäiten: