Gemma Frisius

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gemma Frisius, Holzschnëtt

De Gemma Frisius, gebuer den 9. Dezember 1508 zu Dockum am Frisland, a gestuerwen de 25. Mee 1555 zu Léiwen, war e Mathematiker, Medeziner a Kartograph.

Hien war vun ëm 1529 un, Professer op der Universitéit vu Léiwen.

A sengem Wierk « De Locorum describendorum ratione » (Antwerpen, 1533) fënnt een den eelsten Exposé iwwer d'Prinzipe vun der Triangulatioun, an eng Method fir d'Längegraden ze bestëmmen. Doduerch si seng wëssenschaftlech Kontributioune ganz wichteg am Beräich vun der praktescher Kartographie.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • « Arithmetica practicae methodus facilis » (Antwerpen, 1540)
  • « De Principiis astronomiae et cosmographiae » (1530, op franséisch iwwersat vum Boissière am Joer 1582)
  • « De Usu annuli astronomici » (1539)
  • « Charta sive mappa mundi » 1540)
  • « De Astrolabio catholico » (Antwerpen, 1540)
  • « De Radio astronomico et geometrico » (Antwerpen, 1545)
  • « De Orbis divisione et insulis rebusque nuper inventis » (1548).

E vu senge bekanntste Schüler war de Mercator.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gemma Frisius – Biller, Videoen oder Audiodateien