Gendarmerie grand-ducale

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Gendarmerie grand-ducale war zu Lëtzebuerg e Corps vun der ëffentlecher Sécherheet deen ënner verschiddenen Nimm vu 1733 bis den 31. Dezember 1999 bestanen huet. Duerch d'Gesetz vum 31. Mee 1999[1] goufen d'Gendarmerie grand-ducale an d'Police zur Police grand-ducale fusionéiert.

D'Gendarmerie grand-ducale stoung, wéi och d'Arméi a wéi d'Police, ënnert der Tutelle vum Ministär vun der ëffentlecher Muecht (Ministère de la force publique). Dës Tutelle huet awer nëmmen déi intern Organisatioun betraff, fir geriichtlech Affairen, stoung d'Gendarmerie, wéi och d'Police, ënnert der Autoritéit vum Justizministär.

Referenzen [änneren]

  1. Cf. Loi du 31 mai 1999 portant création d'un corps de police grand-ducale... Mémorial A Nr. 87: 1801-1824 vum 5. Juli 1999

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]