Gender

Vu Wikipedia

Gender ([ˈd͡ʒɛndɐ]) ass e Konzept aus der Sozialfuerschung, dat déi sozial, gesellschaftlech konstruéiert oder psychologesch Säit vun enger Persoun hirem Geschlecht bezeechent, am Ënnerscheed zu hirem biologesche Geschlecht. De Begrëff gouf aus dem Engleschen iwwerholl fir den Ënnerscheed, deen d'Englescht tëscht sozialem (gender) a biologeschem (sex) Geschlecht mécht, och zum Beispill am Lëtzebuergeschen an am Däitsche kënnen ze maachen, wou fir déi zwéi Begrëffer d'Wuert Geschlecht benotzt gëtt.

Den Ausdrock Gender – soziaalt Geschlecht – beschreift déi gesellschaftlech Geschlechterrollen, déi festleeën, wat vu Mënschen erwaart gëtt, fir datt si als Fraen oder Männer ugesi ginn. Déi Erwaardunge si ganz ënnerschiddlech, ugefaange beim Numm, iwwer d'Ausgesinn (Kleedung, Maquillage, …) bis zu Kierperhaltung, Mimik, Gestik, Sprooch a Verhalen. An dësem Sënn gëtt och vun doing gender geschwat – also eng Praxis, duerch déi Geschlecht inzenéiert gëtt.

Dat soziaalt Geschlecht ass net ugebuer an existéiert net vu sech aus, et gëtt konstruéiert duerch gesellschaftlech Muechtverhältnesser, déi sech historesch entwéckelen. Well sech gesellschaftlech Verhältnesser änneren, kënne sech och Gendervirstellungen änneren. Un deem Prozess sinn all d'Individuen aktiv bedeelegt: Si passe sech drun un, gi kreativ domat ëm oder si revoltéiere sech dergéint. Dat hänkt och vun hire perséinleche Méiglechkeeten a Liewensëmstänn of.

Jee nodeems, wat fir e Gender hinnen zougeschriwwe gëtt, hunn déi Eenzel ënnerschiddlech Méiglechkeeten, fir un der Gesellschaft deelzehuelen: méi oder manner Suen, Afloss, Verantwortung oder Fräiheeten. Gender ass an deem Sënn vergläichbar mat anere Kategorië wéi Hautfaarf, soziale Milieu, Alter asw.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gender – Biller, Videoen oder Audiodateien