Genealogie vun de Merowenger

Vu Wikipedia

D'Merowenger waren en Adelsgeschlecht, dat am fréie Mëttelalter a Frankräich geherrscht huet.

Vum Merowech bis zum Chilperich I.[änneren | Quelltext änneren]

  1. Merowech, ëm 451
    1. Childerich I., † 482, als Kinnek vun de Franken 463 an 489 attestéiert, bei Tournai begruewen; ∞ Basina aus Thüringen
      1. Clovis I. (Chlodwig), * 466, † 27. November 511, 482 Kinnek vun de Franken, begruewen an der Apostelkierch zu Paräis; ∞ I NN, eng adleg Fränkin; ∞ II 492/494 Chlothilde (Chrodihild), † 544, Duechter vum Chilperich II., Kinnek vun de Burgunder, begruewen an der Apostelkierch zu Paräis
        1. (I) Theuderich I. (Thierry I.), * géint 484, † Enn 533, Kinnek zu Reims 511-533; ∞ I Suavegotta, † virun 566; ∞ II ëm 517 NN, Duechter vum Sigismund (Siginus), Kinnek vun de Burgunder
          1. (I) Theudebert I. (Théodebert I.), † Enn 547, Kinnek zu Reims 533-547; ∞ I 532, ëm 537/538 verstouss, Derteria; ∞ II Wisigard, Duechter vum Kinnek vun de Langobarden Wacho; ∞ III NN
            1. Theudebald (Theudowald), † November/Dezember 555, Kinnek zu Reims 548-555, ∞ Vuldetrada (Waldrada), Duechter vum Kinnek vun de Langobarden Wacho, déi sech duerno mam Chlothar I., dem Groussmonni vun hirem Mann bestuet huet
            2. (II) oder (III) Berthoara, ëm 566 zu Mainz attestéiert
          2. (I) Theudechild, † virun 579, begruewen zu St-Pierre-le-Vif bei Sens, ∞ I Hermegiselus, Kinnek vun de Warnen; ∞ II Radigis, Stéifjong vum Hermegiselus
        2. (II) Ingomer, * ëm 493/494
        3. (II) Chlodomer, * wohl 494/495, † 21. Juni 524 an der Schluecht vu Vézeronce, Kinnek vun Orléans 511-524; ∞ Guntheuca, déi 524 hire Schwoer Chlothar I. bestuet huet
          1. Theudoald, am Alter vun 10 Joer vum Chlothar I. ëmbruecht
          2. Gunthar, am Alter vu 7 Joer vum Chlothar I. ëmbruecht
          3. Chlodoald, geeschtlech
        4. (II) Childebert I., * ëm 497, † 23. Dezember 558, Kinnek vu Paräis 511-558, begruewen an der Abtei Saint-Vincent zu Paräis; ∞ Ultrogotho, † no 567, begruewen an der Abtei Saint-Vincent zu Paräis
          1. Chrodoswinth, † no 567
          2. Chrodobertha (Chrobertha), † no 567
        5. (II) Chlothar I., † Enn November oder Dezember 561, 511-561 Kinnek zu Soissons, begruewen an der Kierch Saint-Médard zu Soissons; ∞ I ëm 516 Ingund, † 590; ∞ II 524 Guntheuca, Wittfra vu sengem Brudder Chlodomer; ∞ III ëm 533/534 Aregund (Arnegund); ∞ IV ëm 540 Radegund(is), † 13. August 587, Duechter vum thüringeschen Deelkinnek Berthachar, no der Trennung vum Chlothar geeschtlech, Stëfterin vum Klouschter Sainte-Croix zu Poitiers; ∞ V Chunsina; ∞ ? VI NN; ∞ wuel VII Vuldetrada (Waldrada), Duechter vum Kinnek vun de Langobarden Wacho, Wittfra vum Theudebald (Theudowald), Kinnek zu Reims
          1. (I) Gunthar, 532 attestéisert, † virun 555/561
          2. (I) Childerich, † virun 555
          3. (I) Charibert I., Kinnek zu Paräis 561-567; ∞ I Ingoberga, * ëm 520, † 589 no der Trennung vum Charibert I. als Nonn zu Tours; ∞ II Merofled; ∞ III Theodogild, Duechter vun engem Schouster; ∞ IV no 562 Marcovefa, eng Schwëster vun der Merofled
            1. (I) Bertha, ∞ Aedilberct, Kinnek vu Kent
            2. (wuel II) Berthefled, † no 589
            3. (III) e Bouf, † als klengt Kand
            4. (wuel III) Chrodieldis, † no 590, als éischt geeschtlecht zu Sainte-Croix zu Poitiers, duerno weltlech
          4. (I) Guntchramn (Guntram), † 28. Mäerz 592, Kinnek zu Orléans 561-592, begruewen an der Kierch Saint-Marcel zu Chalon-sur-Saône; ∞ I Veneranda; ∞ II virun 561 Marcatrud, Duechter vum Herzog Magnachar am Jura; ∞ III 566/567 Austregildis, genannt Bodilla (* 548, † September 580), eng Déngerin (ancilla) vun der Marcatrud
            1. (I) Gundobad, † zu Orléans, wuel ëm 565 vergëft
            2. (II) e Bouf, † wuel 565
            3. (III) Chlothar, * 567, † 577
            4. (III) Chlodomer, † 577
            5. (III) Chlodoberga, † wuel 585/587
            6. (III) Chlodihildis, † nom 28. November 587
          5. (I) Sigibert I., * 535/536, ermuert Enn 575, Kinnek zu Reims 561-575; ∞ Fréijoer 566 Brunichild, * wuel 545/550, † 613, Duechter vum Kinnek vun de Westgoten Athanagild an der Goiswintha, begruewen an der Kierch Saint-Martin zu Autun, si bestit sech 576 mam Merowech, † 577, Jong vum Kinnek Chilperich I. zu Soissons,
            1. Ingund, * wuel 567, † 585 in Afrika; ∞ 579 Hermenegild, Jong vum Kinnek vun de Westgoten Leovigild
            2. Childebert II., * 570, Kinnek zu Reims a Metz 575-596; ∞ wuel I NN; ∞ I respektiv II Faileuba
              1. (wuel I) Theudebert II., * 585, ermuert 612/613, Kinnek zu Metz 596-612/613; ∞ I 600 Bilichildis, † 610 ermuert vun hirem Mann; ∞ II 610 Teudechilde
                1. (I) Duechter, 604
                2. (I) Duechter, 612
                3. (wuel II) Chlothar, ermuert 612
                4. (II) Merowech, * 612, stierft nach am selwechte Joer
              2. (wuel II) Theuderich II., * 587, † 613 am Mäerz zu Metz,
                1. Sigebert II., * 602, † 613, Kinnek vun de Franken 613
                2. Childebert, * 603
                3. Corbus, * 604, ermuert 613
                4. Merowech, * 607
              3. (wuel II) Theudila, * wuel 590, † no 613
            3. Chlodoswinth, † o 589
          6. Chlodoswinth, † wuel virun 567, ∞ 556/561 Alboin, Kinnek vun de Langobarden, ermuert 572/573 zu Verona
          7. (IV) Chilperich I., † tëscht dem 27. September an 9. Oktober 584, Kinnek zu Soissons 561-584, begruewen an der Abtei Saint-Vincent zu Paräis; ∞ I ëm 549/550 Audovera, * wuel 535, † Oktober/November 580 ; ∞ II ëm 567 Gailswinth, Duechter vum Kinnek vun de Westgoten Athanagild an der Goiswintha; ∞ III ëm 570/571 Fredegund ex familia infirma (als Onfräi gebuer), † 597, begruewen an der Abtei Saint-Vincent zu Paräis; - Fir d'Nokommen, kuckt weider ënnen
          8. (V) Chramn, 555 an der Auvergne, † Enn 560 an der Verbannung, ∞ virun 556 Chalda, † Enn 560 an der Verbannung, Duechter vum Wiliacharius
            1. Duechteren, † Enn 560 an der Verbannung
          9. (wuel VI) Gundowald, † 585, vum Chlothar I. net unerkannt, 584 Usurpator zu Brive-la-Gaillarde, ∞ NN aus Italien
            1. 2 Jongen, déi 589 bei de Westgoten a Spuenien attestéiert sinn
        6. Chlodichild, † 531, begruewen an der Apostelkierch zu Paräis; ∞ 526/527 Amalrich, Kinnek vun de Westgoten, ermuert 531
      2. Lantechild
      3. AudofledTheoderich de Groussen, Kinnek vun de Goten, † 26. August 526

Vum Chilpéric I. bis zum Enn[änneren | Quelltext änneren]

  1. Chilperich I., † tëscht dem 27. September an 9. Oktober 584, Kinnek zu Soissons 561-584, begruewen zu Saint-Vincent zu Paräis; ∞ I ëm 549/550 Audovera, * wuel 535, † Oktober/November 580 ; ∞ II ëm 567 Gailswinth, Duechter vum Kinnek vun de Westgoten Athanagild an der Goiswintha; ∞ III ëm 570/571 Fredegund ex familia infirma (als Onfräi gebuer), † 597, begruewen zu Saint-Vincent zu Paräis; - Fir d'Virfahre, kuckt weider uewen
    1. (I) Theudebert, X 575, begruewen zu Angoulême
    2. (I) Merowech, † 577, begruewen 585 zu Saint-Vincent zu Paräis; ∞ Brunichild, * wuel 545/550, † 613, Duechter vum Kinnek vun de Westgoten Athanagild an der Goiswintha, Wittfra vum Kinnek vun de Franken Sigebert I., begruewen an der Kierch Saint-Martin zu Autun
    3. (I) Chlodowech, † 580/585 zu Noisy-le-Grand, begruewen zu Saint-Vincent zu Paräis,
    4. (I) Basina, † no 590, 580-581 geeschtlech zu Sainte-Croix zu Poitiers
    5. ? (I) Childesinth
    6. (III) Chlodobert, * 565, † 580 zu Soissons, begruewen an der Kierch Saint-Crispin zu Soissons
    7. (III) Rigunth, † no 585
    8. (III) Samson, * 575, † 577
    9. (III) Dagobert, † 580 zu Berny-Rivière (Aisne), begruewen an der Basilika Saint-Denis
    10. (III) Theuderich, * 582, † 584, begruewen zu Paräis
    11. (III) Chlothar II., * 584, † tëscht dem 18. Oktober 629 an dem 8. Abrëll 630, Kinnek vun de Franken 613, begruewen zu Saint-Vincent zu Paräis; ∞ I ëm 599 Heldetrud, † virun 613, begruewen an der Kierch Saint-Pierre zu Rouen; ∞ II Bertetrud, 613 attestéiert, † 618, begruewen zu Saint-Vincent zu Paräis; ∞ III Sigihild 625/626 attestéiert
      1. (I) Merowech, 604 attestéiert
      2. (I) Jong, † no 613
      3. (I) Dagobert I., * ëm 608/610, † 19. Januar 639, 623 Ënnerkinnek an Austrasien, begruewen an der Basilika Saint-Denis; ∞ I 625, gescheet 629, Gomatrud, Schwëster vu senger Stéifmamm Sigihild; ∞ II 629 Nantechild, † 642, Schwëster vun der Landegisel, begruewen an der Basilika Saint-Denis; ∞ III Vulfegundis, regina (Kinnigin) genannt; ∞ IV Berchildis, regina (Kinnigin) genannt
        1. Sigebert III., * 630, † 1. Februar 656, Kinnek zu Metz, Jong vun der Ragnetrud, enger Niess vun der Kinnigin Nantechild; ∞ no 646 Chinnechild
          1. Bilichild, ermuert 675, begruewen zu St. Germain-des-Prés zu Paräis; ∞ tëscht dem 18. Oktober an 9. Dezember 662 Childerich II., Kinnek vun de Franken an Austrasien, ermuert 675
          2. Dagobert II., ermuert 23. Dezember 679 bei Stenay, Kinnek zu Metz 676, begruewen zu Stenay
        2. (II) Chlodwig II., * 634, † tëscht dem 11. September a 16. November 657, Kinnek zu Paräis; ∞ ëm 650 Bathilde (Balthild), † 30. Januar wuel 680, 657 bis ëm 665 Regentin fir hire Jong, Stëfterin vun der Abtei vu Chelles, och do begruewen
          1. Chlothar III., * wuel 650/651, † 673 nom 10. Mäerz, Kinnek zu Paräis 657
            1. ? Chlodwig, 675/676 zum Kinnek ausgeruff
          2. Theuderich III., * wuel 653, † tëscht dem 2. September 690 an dem 12. Abrëll 691, 673 attestéiert, Kinnek 675-690, begruewen an der Abtei Saint-Vaast zu Arras; ∞ ëm 676 Chrodechild, † nom 5. Abrëll 692 als Regentin fir hire Jong
            1. Chlodwig III., † Enn 694, Kinnek 690/691
            2. Childebert III., † 711 virum 2. Mäerz, Kinnek 694-711, begruewen zu Choisy-au-Bac; ∞ NN
              1. Dagobert III., † tëscht dem 3. September 715 an dem 29. Februar 716, Kinnek 711
                1. Theuderich IV., † tëscht dem 16. Mäerz an 30. Abrëll 737, Kinnek 721
              2. ? Chlothar IV., † 719, Kinnek 717
          3. Childerich II., ermuert 675, Kinnek vun Austrasien 662, begruewen zu St. Germain-des-Prés zu Paräis; ∞ tëscht dem 18. Oktober an 9. Dezember 662 Bilichild, ermuert 675, Duechter vum Kinnek vun de Franke Sigebert III. zu Metz, begruewen zu St. Germain-des-Prés zu Paräis
            1. Dagobert, ermuert 675
            2. Chilperich II. (Daniel), † tëscht dem 30. Januar an dem 13. Mee 721 zu Noyon, als éischt geeschtlech, 715/716 Kinnek, begruewen zu Noyon
              1. Childerich III., † nom 23. Januar 752 als Mënch an der Abtei Saint-Bertin, Kinnek 743, am Klouschter tëscht dem 31. Oktober 751 an dem 23. Januar 752
      4. (II) Charibert II., † 8. Abrëll 632, 628 attestéiert, 629 Ënnerkinnek an der Aquitaine (Toulouse), begruewen an der Kierch Saint-Romain zu Blaye
        1. Chilpéric, † kuerz no sengem Papp
      5. ? Aemma ∞ Eadbald, Kinnek vu Kent 616-640