Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen

Vu Wikipedia

De Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen ass den héchsten UNO-Fonctionnaire, representéiert d'Organisatioun an huet de Virsëtz iwwer d'Generalsekretariat.

De Generalsekretär gëtt op Recommandatioun vum Sécherheetsrot vun der Generalversammlung fir eng Amtsperiod vu fënnef Joer gewielt. Seng Ernennung kenn duerch e Veto vun engem vun de permanente Membere vum Sécherheetsrot verhënnert ginn.

Generalsekretären[änneren | Quelltext änneren]

  1. Trygve Lie (Norwegen), Generalsekretär vu Februar 1946 bis zu senger Demissioun am November 1952
  2. Dag Hammarskjöld (Schweden), Generalsekretär vun Abrëll 1953 bis zu sengem Doud (Fligersaccident) 1961
  3. U Thant (Myanmar), Generalsekretär vun November 1961 bis Dezember 1971
  4. Kurt Waldheim (Éisträich), Generalsekretär vu Januar 1972 bis Dezember 1981
  5. Javier Pérez de Cuéllar (Peru), Generalsekretär vu Januar 1982 bis Dezember 1991
  6. Boutros Boutros-Ghali (Egypten), Generalsekretär vu Januar 1992 bis Dezember 1996
  7. Kofi Annan (Ghana), Generalsekretär vu Januar 1997 bis Dezember 2006
  8. Ban Ki-moon (Südkorea), Generalsekretär vu Januar 2007 bis Dezember 2016
  9. António Guterres (Portugal), Generalsekretär zënter Januar 2017.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien