Generalstänn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat de franséische Generalstänn. Fir d'hollännesch Versammlung kuckt w.e.g. Generalstaaten.
J'suis du Tiers-état.

D'Generalstänn (fr. états généraux) waren am Frankräich vum Ancien Régime eng Versammlung vun den dräi Stänn vun der Bevëlkerung (Adel, Klerus an Drëtte Stand). Si goufen 1302 fir d'éischt Kéier aberuff an am Ganzen 21-mol während der ganzer Zäit vun der Monarchie (1302, 1303, 1308, 1317, 1343, 1355, 1356, 1357, 1358, 1359, 1363, 1439, 1468, 1484, 1560, 1561, 1576-1577, 1588-1589, 1593, 1614 a 1789).

Scho virun 1302 gouf et Prezedenzfäll, déi zu der Institutioun gefouert hunn. D'Representante vu wichtege Stied ware schonn e puer mol vum Kinnek beruff ginn an ënner dem Philippe III. gouf et Versammlunge vum Adel a vum Klerus, déi getrennt vunenaner diskutéiert hunn. De Sträit tëscht dem Philippe le Bel an dem Poopst Bonifazius VIII. deen zu de Generalstänn vun 1302 gefouert huet, well de Kinnek sech gewënscht huet, datt all d'Haaptautoritéite vum Land géifen hanner him stoen.

An de folgende Joerhonnerte goufen d'Generalstänn ëmmer nees aberuff, wann et ëm wichteg Decisioune goung, an de Kinnek wollt d'Meenung vu sengem Vollek gewuer ginn, awer och wann et ëm Steiere gaangen ass. D'Membere goufen zu Paräis an an de Provënze gewielt. All Stand hat eng Stëmm zegutt, woubäi den Drëtte Stand awer de gréissten Deel vun de Memberen ausgemaach huet.

Hir gréisste Muecht haten d'Generalstänn am 14. a 15. Joerhonnert, ënner dem Charles VII. hu si awer u Bedeitung verluer. 1614 goufen d'Generalstänn fir d'virleschte Kéier aberuff. D'Selbstverständlechkeet vun de franséische Monarchen am Zäitalter vum Absolutismus huet keng weider Aberuffung méi zougelooss.

Eréischt de 5. Mee 1789 goufe si vum Louis XVI. duerch finanziell Schwieregkeeten eng lescht Kéier zesummegeruff. Allerdéngs koum et zu heftegen Diskussiounen an de 17. Juni huet sech den Drëtte Stand zur Nationalversammlung erkläert. Et huet net méi vill zur Revolutioun gefeelt.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Regnault, Le royaume de France et ses institutions, Sirey, Paräis, 1942.
  • J. Russell Major, Representative government in early modern France, Yale University Press, London, 1980 (ISBN 0-300-02300-6)
  • Service éducatif des Archives départementales de la Haute-Loire, Les États de l'ancienne France et les cahiers de doléances, C.R.D.P, Clermont-Ferrand, 1976.
  • Georges Lefebvre an Anne Terroine, Recueil de documents relatifs aux séances des Etats généraux , Centre national de la recherche scientifique, Paräis, 1953. (ISBN 2-222-01594-4)
  • Laetitia Orsini, Les relations entre les états généraux et le pouvoir royal, Mémoire vun Aix-Marseille 3, 1995.
  • Neithard Bulst, Die französischen Generalstände von 1468 und 1484, J. Thorbecke, Sigmaringen, 1992 (ISBN 3-7995-7326-7)
  • Edna Hindie Lemay, Des députés aux états généraux, 1789, Hachette, Paräis, 1987 (ISBN 2-01-011509-0)
  • Georges Picot, Histoire des États généraux, Hachette, Paräis, 1888.
  • Arthur Desjardins, Etats-Généraux : 1355-1614 : leur influence sur le gouvernement et la législation du pays, A. Durand a Pedone Lauriel, Paräis, 1871.
  • Régis Jalliffier, Histoire des États généraux (1302-1614), L. Cerf, Paräis, 1885.
  • Anonym, Instruction sur les Assemblées nationales, tant générales que particulières, depuis le commencement de la monarchie jusqu'à nos jours. Avec le détail du cérémonial, observé dans celle d'aujourd'hui, Royez, Paräis, 1787.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franséisch Generalstänn – Biller, Videoen oder Audiodateien