Geodesie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Friedrich Robert Helmert

D'Geodesie (algriich. γη, „Äerd“, δαιζω, daídso „ech deelen“) ass no der klassescher Definitioun vum F. R. Helmert d'„Wëssenschaft vum Ausmiessen an Ofbilde vun der Äerduewerfläch. Dat ëmfaasst d'Bestëmmung vun der geometrescher Figur vun der Äerde (Geoid, Terrain), vun hirem Schwéierfeld an der Orientéierung vun der Äerd am Weltraum (Äerdrotatioun).

An der wëssenschaftlecher Systematik gëtt d'Geodesie virun allem den Ingenieurwëssenschaften zougedeelt. Besonnesch däitlech gëtt datt op den Techneschen Héichschoulen, op deenen d'Geodesiestudium dacks net am Fachberäich Naturwëssenschaften ass, mä zum Bauingenieurwiese gehéiert. Desweidere stellt d'Geodesie den Zesummenhank tëschent Astronomie a Geophysik duer.

An der Mathematik gebraucht een de Begrëff „geodetesch“ fir déi theoretesch kierzt Verbindung tëschent zwéi Punkten op gekrëmmte Flächen – déi Geodetesch Linn, déi op der Äerdkugel engem Grousskrees (Orthodrome) entsprécht.

Lithographiesteng am Archiv vum Bayereschen Landesamtes für Vermessung und Geoinformation

Inhaltsverzeechnes

Glidderung vun der Geodesie [änneren]

D'Geodesie gouf bis 1930 an zwéi Beräicher ënnerdeelt:

D'Ingenieurgeodesie gebraucht jee no der gefuerderter Genauegkeet Methoden vu béide Beräicher.

Ëm 1950 etabléiert sech d'Loftbildmiessung als en eegent Fach ënnert dem Numm Photogrammetrie – zënter den 1990er Jore meeschtens mat der Fernerkundung als Duebelfach gesinn.

Zënter 1958 gëtt et Satellittegeodesie.

D'Datebanke vu Landes- resp. Kadastervermiessung entwéckele sech weider zu Geo-Informatiounssystemen (GIS) oder Landinformatiounssystemen (LIS).

All dës Deelfächer sinn awer meeschtens an engem Héichschoulstudiegang vereent, dat och d'Kartographie oder op mannst Deeler dovun souwéi eng Rei weider Haapt- a Niewefächer ëmfaasst (z. B. Buedenuerdnung) an zu dem Beruff vum Vermiessungsingenieur féiert (vergloch Geomatik resp. Geomatikingenieur).

Literatur [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]

Commons: Geodesie – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • (de)ARGEOS (Arbeitsgemeinschaft der Geodäsiestudierenden)