Geoff Eley

Vu Wikipedia
Geoff Eley
Gebuer 4. Mee 1949
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vu Sussex,
Balliol College
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Historiker

Den Geoff Eley, gebuer de 4. Mee 1949 zu Burton-on-Trent a Groussbritannien, ass e marxistesch markéierten Historiker, Auteur, Editeur, a Professer fir Geschicht op der Universitéit vu Michigan[1] an de Vereenegte Staaten.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Eley ass a relativ moderaten Ëmstänn grouss ginn an huet vun 1967 bis 1970 op der Universitéit vun Oxford (Balliol College) Geschicht studéiert. Hien huet an däitscher Geschicht op der Universitéit vu Sussex graduéiert an 1974 krut hien do säin Doktertitel. Säit 1979 lieft de gebiertege Britt an den USA an ass Professer fir zäitgenëssesch Geschicht op der Universitéit vu Michigan.

Den Geoff Eley bezeechent sech selwer als europäeschen Historiker, deen a Groussbritannien geschoult gouf, haaptsächlech iwwer Däitschland recherchéiert an an den USA lieft.[2] Den Eley ass staark marxistesch markéiert a gehéiert zu där Generatioun vun Historiker, déi d'Changementer vun den 1960er Joren, d'Opkomme vun der Sozialgeschicht dat doraus entstanen ass, an hire Wiessel zur Kulturgeschicht aktiv mat erlieft hunn a vun dësen influencéiert ginn sinn.[3]

Hie gëllt als Historiker vun der däitscher Geschicht. Sou huet e sech haaptsächlech duerch seng Recherchen a Publikatiounen iwwer déi däitsch Geschicht am 20. an am 21. Joerhonnert ervirgedoen. Allerdéngs konzentréiert den Geoff Eley sech och vill op den theoreeteschen a methodeschen Aspekt vun der Geschichtsschreiwung als Ganzes. [4] A senger Aarbecht als Dozent beschäftegt hie sech net nëmme mat der däitscher Geschicht, mä och der europäescher Geschicht säit 1945, dem Nationalismus, de Kulturstudien an der Historiographie.

De Wee zur Sozialgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Eley konnt sech fir d'Geschichtsschreiwung weeder duerch seng Erfarungen an der Schoul oder op der Uni begeeschteren, mä méi duerch déi politesch a sozial Changementer an den 1960er Joren. Et waren och déi Changementer déi et him erlaabt fir op eng gutt Universitéit – a sengem Fall Oxford – ze goen. Obwuel hien d'Chance hat ob sou enger renomméierter Universitéit ze studéieren, war hie séier desillusiounéiert vun der Aart a Weis wéi do Geschicht geléiert a studéiert gouf.[5]

Den Geoff Eley bezeechent sech als 68er, an et waren déi politesch a sozial Changementer an Ëmbréch an de 60er Joren, déi hien a sengem Wonsch bestäerkt hunn, Historiker ze ginn. Den Eley ass staark vum Marxismus markéiert ginn, deen d'Studentebeweegunge vun de 60er Jore beaflosst huet. Seng Affinitéit fir déi marxistesch Iddien huet sech virun allem doduerch entwéckelt, datt hie vun der steifer konservativer Aart a Weis wéi zu Oxford Geschicht geléiert gouf, enttäuscht war. Sou war hien zum Beispill der Meenung datt d'Theorie eng méi wichteg Roll an der Historiographie misst spillen an datt ee sech dofir misst un aneren Disziplinnen orientéieren. Déi marxistesch Approche un d'Geschicht huet et dem Eley erlaabt, d'Evenementer vun 1968 a méi e largen historesche Kontext ze setzen. Doriwwer eraus, war et besonnesch den Usproch, eng Wëssenschaft vun der Gesellschaft ze sinn, déi en un dëser marxistescher Beweegung begeeschtert huet. Geschichtsschreiwung ass a Groussbritannien staark vun der Neier Lénkser beaflosst ginn. Déi war zwar marxistesch markéiert, huet sech awer vum dogmatesche Marxismus ofgehuewen. Doriwwer eraus huet sech déi Nei Lénks och duerch hir Kulturkritik ervirgedoen a sech fir Populärkultur wéi Literatur, Poesie, Musik, Kino an Televisioun intresséiert. Déi Ausriichtung huet den Eley staark beaflosst. An deem Sënn huet den Eley sech besonnesch wärend sengem Studium op der Universitéit vu Sussex, dëser Neier Lénkser zougehéiereg gefillt a sech intensiv mat de westleche Marxisten ausernee gesat.[6]

Déi politesch Entwécklunge vun de 60er Joren hu sech och op d'Historiographie u sech ausgewierkt an d'Geschichtswëssenschaften hunn am Laf vum Geoff Eley senger Studienzäit eng enorm Verwandelung duerchgemaach, haaptsächlech d'Sozialgeschicht, déi sech an där Zäit duerchgesat huet.[7]

Dëse Wandlungen huet den Eley optimistesch entgéint gesinn. Sou war d'Sozialgeschicht méi theoreetesch ausgeriicht an huet sech un aneren Disziplinne wéi der Soziologie an der Ekonomie orientéiert. D'Historiker, déi sech där Sozialgeschicht verschriwwen hunn, ware méi selbstkritesch an hirer Approche an hu probéiert d'Entwécklung vu ganze Gesellschaften z'ënnersichen. Déi Wandlungen hunn den Eley staark inspiréiert. Sou ass hien zum Beispill duerch Revuë wéi Past and Present beaflosst ginn, déi marxistesch an interdisziplinär ausgeriicht war, an déi d'Zesummenaarbecht mat Anthropologen a Soziologe gefërdert huet. Och d'Annales-Schoul a Frankräich ass sou e Wee agaangen an huet den Eley beaflosst. Si huet sech virun allem der Ekonomie, der Geographie an der Soziologie zougewannt an hat den Usproch eng Strukturgeschicht à long terme sou wéi eng histoire totale ze schreiwen.

Dëse Klima andeems sech Geschichtswëssenschaften immens verännert hunn, hunn den Eley also ganz besonnesch beaflosst an hie beschreift déi Zäit als eng Zäit vu Virwëtz an Enthusiasmus an där hie probéiert huet aus all deenen neie Mouvementer ze schëffen. Et war besonnesch d'Interdisziplinaritéit an d'Zouwennung zu der Theorie, déi den Eley optimistesch gestëmmt hunn. D'Historiker hu sech an deem Kader besonnesch fir d'Soziologie intresséiert a sech an hiren Analysen a Recherchen, gesellschaftlechen Entwécklungen a Phenomeener zougewannt. Inspiréiert hunn den Eley an dësem Sënn besonnesch Historiker wéi de Charles Tilly, e Soziolog a Sozialhistoriker, deen den Historiker Bedeitung vun der Theorie fir Geschichtswessenschaft däitlech gemaach huet an d'Sozialwessenschaften historiséiert huet.[8] Awer och den Edward Thompson war eng grouss Inspiratiounsquell fir de jonken Historiker. Sou huet dem Thompson säi Wierk, dem Eley iwwer seng Desillusioun vum Geschichtsstudium erwech gehollef a seng Konter-Narrativ huet den Eley besonnesch influencéiert, well si nei Weeër fir Geschicht ze schreiwen erméiglecht huet an déi déi traditionell Geschichtsschreiwung erausgefuerdert huet.[9] Sou ass den Eley der Meenung, datt dem Thompson säi Wierk eng immens Inspiratioun fir d'Sozialgeschicht war an hien zu engem Verständnis vun der Politik bäigedroen huet, dat iwwer de Kader vun den Institutiounen eraus gaangen ass.

Dësen Duerchbroch vun der Sozialgeschicht wier ouni déi politesch Ëmbréch vun den 1960er Joren net méiglech gewiescht, an déi nei Hoffnung déi aus dësen Ëmbréch geschëfft gouf. Sou ass den Eley der Meenung, datt mat gudder Politik och gutt Geschicht geschriwwe gëtt.[10]

Däitsch Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Eley selwer huet an däitscher Geschicht graduéiert an huet sech besonnesch der däitscher Geschicht am 20. an 21. Joerhonnert verschriwwen. Den Impuls fir dësen Intressi hunn him déi grouss Evenementer ginn, déi an Däitschland hiren Ursprong haten, ganz besonnesch natierlech den Zweete Weltkrich. Besonnesch d'Fro no der Ursaach vum Nationalsozialismus an Däitschland, huet den Eley an dësem Kontext begeeschtert. Och an dësem Theemegebitt hunn d'Ëmbréch vun de 60er Joren dozou geféiert, datt d'Geschichtswëssenschafte sech dem Drëtte Räich zougewend hunn a sou eng grouss Roll an der Vergaangenheetsbewältegung gespillt hunn. Den Eley gouf an éischter Linn vum Opkomme vun der däitscher Gesellschaftsgeschichte inspiréiert, déi besonnesch vum Konzept vum däitsche Sonderweg[11] markéiert war. Déi Aart vun der Geschichtsschreiwung huet der brittescher Sozialgeschicht staark geglach[12] an an enger éischter Phas war den Eley vun där Manéier vun der Geschichtsschreiwung begeeschtert, mä lues a lues hu sech ëmmer méi Zweiwel agestallt. Besonnesch d'Iddi vum Sonderweg, also d'Suppositioun, datt déi däitsch Entwécklungen eng Ausnam waren, huet den Eley gestéiert an hien huet d'Ursaach fir déi däitsch Entwécklung éischter beim Kapitalismus gesicht.[13] Den Eley wollt e méi komplext Bild vun der Bedeelegung vum Vollek a sengem Afloss op politesch a sozial Ëmbréch zeechnen amplaz d'Ursaach vun dëse Verännerungen nëmme bei Interventioune vun uewen, bei der Politik ze sichen.[14]

Den Zweiwel un der Gesellschaftsgeschicht war awer net nëmme beim Eley present, mä allgemeng gouf sech an der däitscher Geschicht an doriwwer eraus ëmmer méi den normalen, lokalen Entwécklungen, der Alldaagsgeschicht zougewannt. Sou huet sech den Eley an den 1970er als kulturalistesche Marxist gesinn, dee Politik an Ideologie wollt op hiren Zesummenhang an Afloss op d'Sozial- a Kulturliewen ënnersichen. Eng grouss Inspiratioun fir den Eley war zum Beispill den Tim Mason, ee vun deenen éischte Sozialhistoriker déi iwwer d'Drëtt Räich geschafft hunn.[15]

De Wee zur Kulturgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

1979 huet den Eley Groussbritannien verlooss an ass an d'USA ausgewandert, an huet e Posten als Dozent op der Universitéit vu Michigan ugeholl. An dëser Zäit gouf d'Sozialgeschicht lues a lues vun der Kulturgeschicht ofgeléist: Mam cultural turn an dem Bedéitungsgewënn vum Feminismus, an vu Mouvementer iwwer d'Identitéit (Rass, Ethnie...)[16] hu sech och ëmmer méi interdisziplinär Fächer konsolidéiert an d'Zesummenaarbecht huet sech net méi nëmmen op Fachgebidder wie Soziologie an Ekonomie beschränkt. Sou war besonnesch d'Universitéit vu Michigan ganz interdisziplinär ausgeriicht an d'Grenzen tëscht de verschiddenen Disziplinne goufen ëmmer méi kleng. Sou hu sech Geschichtswëssenschaftler ëm nei Theemegebidder bekëmmert, wéi der Rass an dem Postkolonialismus mä och den Gender Studies an dëst op eng interdisziplinär Aart a Weis. Och wann den Eley net direkt un dësem Prozess bedeelegt an net iwwer dës Theemegebidder recherchéiert huet, sou hu se hien dach beaflosst an och hien huet vum konstanten Echange zwëscht de verschiddenen Disziplinnen a Fachgebidder profitéiert.[17] An dësem Sënn ass hien zum Beispill staark vun der feministescher Historikerin Carolyn Steedman beandrockt. Si huet op déi falsch Dichotomie zwëscht dem Sozialen an dem Kulturellen opmierksam gemaach an däitlech gemaach datt een net muss tëscht Sozial-a Kulturgeschicht wielen – eng Visioun déi och den Eley vertrëtt.[18] Am Ganze gesäit sech den Eley staark vun der Kulturgeschicht inspiréiert, well si, wéi hie seet, net nëmme säi Verständnes vun der Geschicht a seng Manéier fir z'ënnerriichten an ze schreiwen, mä och säi Verständnes vun der Gesellschaft an der Politik nohalteg markéiert huet.[19]

An den 1980er huet den Eley sech doriwwer eraus och méi a méi mat der Historiographie u sech beschäftegt, an dobäi huet hie besonnesch dovu profitéiert, datt hien an Amerika aus béidem konnt schëffen – aus dem Afloss vun de westlechen awer och den net-westlechen Historiographien.[20]

Dem Eley seng Visioun vun de Geschichtswëssenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Hautdesdaags schafft den Eley an engem Klima als Historiker, dat ëmmer méi global gëtt an an deem d'Grenzen zwëscht de verschiddenen Disziplinne mä och d'Grenze vun den Institutioune sech opgeléist hunn. Geschichtsschreiwung fënnt een net nëmme méi am akadeemesche Kader mä wäit doriwwer eraus ass se e Bestanddeel vum gesellschaftleche Liewen, zum Beispill am Sënn vun der kollektiver Erënnerung ginn.[21]

Den Geoff Eley huet eng ganz Kloer Visioun vu sengem Wierken als Historiker. Hien ass der fester Iwwerzeegung datt ee Politik a Geschicht net einfach trenne kann. Vu sech selwer seet hien, datt hien Historiker ginn ass, well hien dovun iwwerzeegt war, datt sech d'Welt an d'Gesellschaft zum Bessere verännere léisst. Hien ass der Meenung datt Geschichtsschreiwung ëmmer engagéiert muss sinn, a sech ni däerft vu baussenzegen Ëmstänn ofkapselen. Sou war hien ëmmer der Meenung, datt Geschicht net eleng ka stoen. Fir hien als sozial a politesch engagéierten Historiker huet dat an engem éischte Schrëtt bedeit, datt hie sech de Sozialwesenschaften an dem Marxismus zouwennt. Sou ass hien dovun iwwerzeegt, datt dat aus him e besseren Historiker gemaach huet mä hien huet awer och d'Onzoulängelzegkeete vun der Sozialgeschicht[22] materlieft an ugesprach. Spéider hunn hien d'Opkomme vun der neier Initerdisziplinaritéit a sou zum Beispill d'Aflëss vu Literaturwëssenschaften, Kulturstudien an der Anthropologie weider beaflosst, geneesou wéi de Fait, datt Geschicht den akadeemesche Kader vun den Universitéite verlooss huet. Des Weideren definéiert hie sech weeder als Sozialhistoriker nach als Kulturhistoriker, mä hie sprécht sech fir eng methodologesch an theoreetesch Pluralitéit aus.[23]

Besonnesch ervirgedo huet den Eley sech duerch seng Analys vun der Entwécklung vun der politescher Rietser tëscht dem Bismarck an den 1920er an duerch seng Afrostellung vun der Theorie vun däitsche Sonderweg. Hien huet awer och iwwer d'Geschicht vun der Europäescher Lénkser geschafft, geneesou wéi iwwer d'Historiographie an d'Roll vun der Geschicht an der haiteger Gesellschaft. Do ass besonnesch säi Wierk A Crooked Line. From Cultural History to the History of Society (2005) ze nennen. An deem analyséiert den Eley virun allem de Wiessel vun der Sozial- zu der Kulturgeschicht an e beschäftegt sech doriwwer eraus mat der Fro vun der Roll vum Historiker am 21. Joerhonnert. Dobäi kënnt hien zu der Feststellung, datt Kulturgeschicht an d'Sozialgeschicht net ontrennbar sinn an datt der sozialer a materialistescher Perspektiv erëm méi Bedeitung zougeschriwwe soll ginn[24].[25] Des Weideren huet den Geoff Eley Bicher iwwer den Nationalismus an d'Sozialtheorie editéiert.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Reshaping the German Right. Radical Nationalism and Political Change after Bismarck. With a New Introduction. (1980)
  • The Pecularities of German History: Bourgeois Society and Politics in Nineteenth-Century Germany (1984, zesumme mam David Blackbourn)
  • From Unification to Nazism: Reinterpreting the German Past (1986)
  • Forging Democracy. The Left and the Struggle for Democracy in Europe (2005)
  • A Crooked Line. From Cultural History to the History of Society.(2005)
  • The Future of Class in History: What's Left of the Social? (2007, mam Keith Nield)
  • After the Nazi Racial State: Difference and Democracy in Germany and Europe. (2009, mam Rita Chin, Heide Fehrenbach, an Atina Grossmann)[26]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Monographien[änneren | Quelltext änneren]

Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://web.archive.org/web/20120720113102/http://www.lsa.umich.edu/history/people/eleygeoff_ci (leschten Opruff den 13. Mee 2012)
  2. Eley Geoff, A Crooked Line. From Cultural History to the History of Society. Michigan 2005. S. xii.
  3. Vgl. SPIEGEL Gabrielle, Comment on A Crooked Line an: The American Historical Review, Vol 113, No 2. S.406-416: http://www.jstor.org/stable/10.1086/ahr.113.2.406 (leschten Opruff de 16. Mee 2012) S.406.
  4. http://www.blogger.com/profile/05647845074781143470 (leschten Opruff den 13. Mee 2012)
  5. Eley, A Crooked Line. S.24.
  6. Eley, A Crooked Line. S. 15-23.
  7. Eley, A Crooked Line. S. 6-11.
  8. Eley, A Crooked Line. S.47.
  9. Eley, A Crooked Line. S. 54-59.
  10. Eley, A Crooked Line. S. 59.
  11. Déi däitsch Entwécklungen zum Nazismus hi goufen als Sonderweg, als historesch Ausnam duergestallt.
  12. Hiwendung zu der Theorie, Interdisziplinaritéit, a Beuechtung vun den Zesummenhäng zwëscht sozialen a politesche Changementer.
  13. Eley, A Crooked Line. S. 81.
  14. Eley, A Crooked Line S. 82-83.
  15. Eley, A Crooked Line S. 88.
  16. Vgl. SEWELL William Jr., Crooked Lines an: The American Historical Review, Vol.113, No 2. S.393-405: http://www.jstor.org/stable/10.1086/ahr.113.2.393 (leschten Opruff de 16. Mee 2012) S. 394.
  17. Eley Geoff, The Profane and Imperfect World of Historiography an: The American Historiographical Review, Vol 113, No 2. S. 425-437: http://www.jstor.org/stable/10.1086/ahr.113.2.425 (leschten Opfruff de 16. Mee 2012) S. 427
  18. Eley, A Crooked Line. S. 181.
  19. Eley, A Crooked Line. S. 187.
  20. Eley, A Crooked Line. S. 147-149.
  21. Eley, A Crooked Line. S. 149-155.
  22. Den Usproch eng histoire totale ze schreiwen, déi onzoulängelzeg materialistesch, quantitativ an strukturalistesch Approche, d'Ausloosse vu kulturelle Strukturen a Prozesser. Vgl. IGGERS Georg, Geschichtswissenschaft im 20. Jahrundert. Ein kritischer Überblick im internationalen Zusammenhang. Göttingen 2007. S. 32-61 am RAPHAEL Lutz, Geschichtswissenschaft im Zeitalter der Extreme. Theorien, Methoden, Tendenzen von 1900 bis zur Gegenwart. München 2010. S. 191-193; 229-233.
  23. Vgl. SPIEGEL, Comment on A Crooked Line. S. 412
  24. Eley, A Crooked Line. S. 11: "...it's time to reassert the importance of social history [...], namely, that we need always to keep relating our particular subjects to the bigger picture of society as a whole - whether we are social historians, political historians, cultural historians, or whatever."
  25. Eley, The Profane and Imperfect World of Historiography. S. 433 an Vgl. SPIEGEL, Comment on A Crooked Line. S. 408.
  26. Eng genee Lëscht mat all de Publikatiounen ass am Geoff Eley sengem CV ze fannen: https://web.archive.org/web/20120720113102/http://www.lsa.umich.edu/history/people/eleygeoff_ci (leschten Opruff, den 13. Mee 2012)