Geograpesch Koordinaten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Weltkaart mat Linne fir geographesch Breet a Längt an Eckert-VI-Projektioun

Mat de geographesche Koordinaten (geographesch Breet a geographesch Längt) léisst sech d'Lag vun engem Punkt op der Äerd beschreiwen. D'Äerd gëtt dobäi an 360 Längegrade an a 180 Breedegrade opgedeelt. Längegrade verlafen duerch Nord- a Südpol, Breedegrade parallel zum Equator.

Geographesch Koordinaten ginn heefeg am Sexagesimalsystem uginn, d. h. 1 Grad ass ënnerdeelt a sechzeg Minutten, 1 Minutt nees a 60 Sekonnen.

Koordinatesystem[änneren | Quelltext änneren]

Geographesch Koordinaten op der Kugel

D'Gradnetz vun der Äerd ass e geduechtent Koordinatesystem op der Äerduewerfläch mat sech rechtwénkleg schneidende Längen- a Breedekreesser. Et déngt zu der geographescher Uertsbestëmmung, dat heescht, zu der Festleeung vun der eegener Standplaz. D'Breedegrade ginn dobäi vum Equator aus gezielt, d'Pole leien bei 90° Nord resp. Süd, d'Längegrade gi vun engem willkürleche Nullmeridian no Osten a no Westen gezielt bis jee 180°. D'Festleeung vun de Wénkel ass deem an der Mathematik iwwlechem Kugelkoordinatesystem entgéintgesat.

Bis Ufank vum 20. Joerhonnert waren a verschiddene Länner ënnerschiddlech Nullmeridiane gebraichlech (z. B. de Ferro-Meridian vun El Hierro an de Meridian vu Paräis). Haut gëtt weltwäit de Meridian vu Greenwich benotzt.

Och kënne geographesch Koordinate jee no Land ënnerschiddlech Bezuchssystemer hunn, deenen hir Referenzellipsoiden dem regionale Geoid ugepasst sinn. International gëtt haut meeschtens d'World Geodetic System 1984 (WGS84) gebraucht.

Loftfaart an Nautik[änneren | Quelltext änneren]

Genee Positiounsdonnéeë sinn an der Loftfaart an an der Nautik erfuerdert. Do gi geographesch Breet a Längt a Grad an Minutten uginn, z. B. Zugspitze Lat = 47° 25' N oder Nord, Lon = 010° 59' E oder Ost.

  • Bouminutte ginn dezimal weider ënnerdeelt.
  • No DIN 13312, fir Loft- a Séifaart, gëtt déi geographesch Breet mat Lat oder méi al och φ ofgekierzt, déi geographesch Längt mat Lon oder λ. B an L entspriechen net der Norm.
  • Eng Breedeminutt ass op der Äerduewerfläch eng Streck vu ronn 1,852 km an definéiert d'Längt vun enger Séimeil.
  • D'Streck, déi vergläichbar mat enger Längteminutt ass, huet um Equator 1,852 km, hëlt awer zum Pol hi mat dem Kosinus vun der geographescher Breet bis op Null of. Si ass also breetofhängeg. An Europa läit d'Streck tëscht 1,0 km an 1,5 km.

Vermiessungswiesen[änneren | Quelltext änneren]

Am Vermiessungswiesen sinn cm-Genauegkeete gefrot. Dofir ginn d'Donnéeë vu Bousekonnen net duer, well eng Bousekonn (1″) ongeféier 31 m (Breetangab) resp. 20 m (Längtenangab an Europa) entsprécht. Zanter den 1990er Joren erfollegt an Däitschland eng Ëmstellung op UTM-Koordinaten am ETRS89-System, bezunn op den GRS80-Ellipsoid.

Natierlech, astronomesch, ellipsoidesch, geodetesch Koordinaten[änneren | Quelltext änneren]

Déi natierlech Koordinaten (astronomesch Breet φ an astronomesch Längt λ) kënnen duerch astronomesch Uertsbestëmmung ermëttelt ginn. Si bezéien sech op déi tatsächlech Loutrichtung um Miesspunkt. Déi ellipsoidesch Koordinaten (B, L – och geodetesch Koordinaten genannt) bezéien sech dogéint op d'Normalrichtung vum gebrauchten Referenzellipsoid. D'Differenz vu Loutrichtung an Ellipsoidnormale ass normalerweis méi kleng wéi 10″ a gëtt als Loutofweechung bezeechent. An der Regel verlafen weder Loutrichtung nach Ellipsoidnormale duerch den Äerdmëttelpunkt.

Bei klenge Genauegkeetsuspréch z. B. bei Kaartenduerstellungen op klenge Moossstief gëtt den Äerdkierper fir Vereinfachung duerch eng Kugel ersat. An dësem Fall entspriechen geographesch Breet a Längt sphäresche Koordinaten. Nëmmen dann ass d'Breet vun de Wénkel am Äerdmëttelpunkt tëscht dem Equator an dem gesichte Punkt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]