Geographeschen Zentrum vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
De geographeschen Zentrum vu Lëtzebuerg am Pëttener Bësch, a Richtung Pëtten gekuckt.
D'Maark um geographeschen Zentrum (2014).

De geographeschen Zentrum vu Lëtzebuerg läit am Nordweste vu Pëtten, am Naturschutzgebitt Pëttenerbësch an der Gemeng Miersch.

Op der Plaz gouf 2011 eng Maark vun der Naturverwaltung, an Zesummenaarbecht mam Kadaster opgeriicht.

D'Maark[änneren | Quelltext änneren]

Si besteet aus véier dräieckege Placken aus Stol, déi an déi véier Himmelsrichtunge weisen. Op der Plack déi no Süde weist ass deen heiten Text ausgestanzt: Centre géographique 49° 46’ 38’’ N 06° 05’ 43’’ O

Um Fouss vun der Maark steet d'Joreszuel 2011.

D'Maark gouf am Juni 2011 offiziell virgestallt, zesumme mam Naturreservat Pëttenerbësch an engem Léierpad.[1]

Wéi den Zentrum berechent a festgeluecht gouf[änneren | Quelltext änneren]

De geographeschen Zentrum gouf 2009 vun de Spezialiste vun der Kadasterverwaltung berechent. Basis dofir waren d'Grenze vum Land, sou wéi se 1815 um Wiener Kongress mat Preisen (haut Däitschland), 1839 duerch de Vertrag vu London (spezifiéiert am Joer 1843) mat der Belsch an am 20. Joerhonnert duerch den Austausch vu klenge Parzelle mat Frankräich festgeluecht goufen.[2]

Fir déi topographesch Rechnunge gouf de World Geodetic System 1984 (WGS 84) gebraucht. Um Terrain gouf déi genee Plaz vum Zentrum vum Land mat enger Genauegkeet vun engem Zentimeter festgeluecht, dat mat der Hëllef vun den US-amerikanesche GPS- a russesche GLONASS-Satelliten.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schmit, R., 2011. Im Naturreservat "Pëttemerbësch" (SIC). Pettingen im Mittelpunkt. Geografisches Zentrum des Landes liegt in Pettingen bei Mersch / Neuer Naturlehrpfad vorgestellt. Luxemburger Wort vum 28. Juni 2011, S. 17. [1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

De geographeschen Zentrum vum Land

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort vum 28. Juni 2011, S. 17.
  2. 2,0 2,1 http://www.act.public.lu/fr/actualites/2011/06/centre-geographique/index.html Websäit vum Kadaster