Geographie
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Geographie (griich. Γεωγραφια geographia, v. griich.: gaia = Äerd + griich. gráphein = kritzelen, schreiwen, zeechnen) ass eng vun de Geowëssenschaften. Si befaasst sech mat der Äerduewerfläch, mat de Landschaften, mat de Mënschen an och mat der materieller a geeschteger Ëmwelt vun de Mënschen. An der Geographie geet et am allgemengen ëm d'Welt an där mir liewen.
Geschicht [änneren]
Déi éischt déi d'Geographie studéiert hunn, waren d'Griichen. Duerno koumen d'Réimer, déi mat neien Technike wéi d'Kartographie komm sinn. An Europa war während dem Mëttelalter den Interessi u geographeschen Erkenntnesser net ganz grouss bis de Marco Polo am 13. Joerhonnert a China gereest war. Am 18. Joerhonnert ass d'Geographie dunn als eegestänneg Disziplin unerkannt ginn a gouf vun do un op den Universitéite geléiert.
Deelgebidder [änneren]
- Physesch Geographie; si beschreift d'Gestalt vun der Äerdiwwerfläch, zu hiren Deelgebidder gehéieren:
- Anthropogeographie; si beschäftegt sech mam Afloss vum Mënsch op de geographechen Raum. Deelgebidder sinn:
- Mathematesch Geographie
- Geographesch Informatiouns Systemer (GIS)
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Geographie – Biller, Videoen oder Audiodateien |