Geographie vun Australien
Australien ass dee kléngste Kontinent, awer dat sechsgréisste Land op der Welt. Et gehéiert zu Ozeanien a läit op der südlecher Hallefkugel tëscht dem Indeschen Ozean an dem südleche Pazifeschen Ozean.
Déi ganz Fläch bedréit 7.686.850 km², dovunner si 7.617.930 km² Land an 68.920 km² Waasser. Vun Norde bis Süde sinn et ongeféier 3.700 km a vu Westen no Osten ongeféier 4.000 km.
Zäitzonen[änneren]
Australien läit a verschiddenen Zäitzonen: d'Western Standard Time (WST) a Westaustralien, d'Central Standard Time (CST) am Nërdlechen Territoire an a Südaustralien an d'Eastern Standard Time (EST) zu Queensland, New South Wales, Australeschen Haaptstadterritoire, Victoria an Tasmanien.
D'Zäitzone leie bei + 6 bis zu + 10 Stonnen zu Mëtteleuropa.
Landschaften[änneren]
Australien ass eent vun de kontrasträichste Länner op der Welt mat senge Savannen, senge Wüsten, sengem Outback, sengen Nationalparken a Reebëscher. De gréissten Deel vum Zentrum a vum Weste vun Australien, de sougenannten Outback, ass onbewunnbar. Am Norde vum Kontinent ginn et haaptsächlech tropesch Bam- a Grassavannen. Un de Küsten dogéint ass et Reen- a Mangrovebësch deen d'Iwwerhand huet. Am Banneland an am Weste ginn et haaptsächlech Steppen a Wüsten. Dréchent Buschland ass wäit verbreet mat villen Eukalyptus- an Akazienaarten. Nieft schmuelen tropesche Reebëscher am Norden si Bëscher am Osten um Great Dividing Range ze fannen.
Klima[änneren]
Jee no Géigend an Australien ginn et ganz verschidde Klimazonen. Am Norden ass et tropesch waarm a fiicht, am Süde subtropesch bis waarm an am Banneland ass et dréchen an et herrscht Wüsteklima. Nidderschléi ginn et genuch am Norden (Monsun), am Oste ginn et passatesch Staunidderschléi an am Südwesten an am Südoste ginn et zyklonesch Wanternidderschléi.
Déi héchsten Temperatur gouf am Joer 1889 zu Cloncurry am Queensland gemooss, et waren 53° Celsius. Di niddregst war -23° am Joer 1994 zu Charlotte Pass an de Schnéifelder vum Mount Kosciuszko.
D'Reenzäit ("The Wet") ass ganz ënnerschiddlech. Meeschtens ass si awer tëscht Dezember an Abrëll. De Summer ass haaptsächlech am Süden ganz dréchen a gliddeg waarm. Den Héichsummer ass och d'Zäit vun de Bëschbränn an Australien.