Geographie vun der Belsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi physesch'Geographie vun der Belsch ka graff an dräi Regiounen opgedeelt ginn: Héich Belsch, Mëttels Belsch an Niddreg Belsch.
- Déi Héich Belsch erstreckt sech haaptsächlech iwwwer d'Ardennen an d'Héicht Venn mat Héichte bis bal siwenhonnert Meter. E groussen Deel dervunner ass mat Bëscher bedeckt, déi meeschten a géien Häng laanscht déif Däller ze fanne sinn, oder wéi am Héije Venn, mat Mueren e vereenzelte Gruppe vu Beem déi der Landschaft e steppenaaartegt Ausgesi ginn. Si stéisst am Süden un d'belscht Loutrengen, an am Norden un d'Plateaue vun Herve a vum Condroz.
- Déi Mëttels Belsch setzt sech zesummen aus enger Sträif déi aus dem Karbonzäitalter staamt an an där bis zum Enn vum 20. Joerhonnert Kuelegrouwen exploitéiert goufen, an aus verschiddenne Plateauen , wéi d'Hesbaye mat kräidege Mergelbiedem, de Brabant mat éischter méi sandege Biedem an den Hainaut mat haapsächlech leemege Biedem.