George Howard Herbig

Vu Wikipedia
George Howard Herbig
Gebuer 2. Januar 1920
Gestuerwen 12. Oktober 2013
Honolulu
Nationalitéit USA
Educatioun University of California,
Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Astronomical Society

Den George Howard Herbig, gebuer den 2. Januar 1920 a gestuerwen den 12. Oktober 2013 zu Honolulu op Hawaii, war en US-amerikaneschen Astronom.

Seng Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

1948 krut hie säin Doktertitel (Ph.D.) vun der University of California zu Berkeley. Seng Dissertatiounsaarbecht beschäftegt sech mat T-Tauri-Stären. Déi dozou erfuerderlech Fuerschungen huet hien am Lick-Observatoire gemaach. An de spéidere 60er Joren ass den Observatoire un d'University of California, Santa Cruz, iwwergaangen.

Zu sengen Entwërf gehéiert och den 3m-Shane-Teleskop am Lick-Observatoire. 1988 huet hien op d'Universitéit vun Hawaii gewiesselt, wou hie bis zu sengem Doud geschafft huet.

Fuerschungsschwéierpunkt[änneren | Quelltext änneren]

Säin Haaptaufgabegebitt ware spektroskopesch Ënnersich vu jonke Stären, Stäreformatiounen an interstellare Matièren. Hien huet vill T-Tauri-Stäre fonnt. Onofhängeg vum Guillermo Haro huet en d'Herbig-Haro-Objeten entdeckt. Dobäi handelt et sech ëm Gaswolleken, déi zu jonke Stäre gehéieren.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid Herbig gouf no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]