George Ellery Hale

Vu Wikipedia
George Ellery Hale
Gebuer 29. Juni 1868
Chicago
Gestuerwen 21. Februar 1938
Pasadena
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit,
Massachusetts Institute of Technology
Aktivitéit Astronom, Journalist, Astrophysiker, Physiker
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Accademia Nazionale dei Lincei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale delle Scienze, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino
Den Georg Hale ëm 1905

Den George Ellery Hale, gebuer den 29. Juni 1868 zu Chicago a gestuerwen den 21. Februar 1938 zu Pasadena a Kalifornien, war en US-amerikaneschen Astronom.

Schonn als Student vun den Naturwëssenschaften huet den George Ellery Hale intensiv den Himmel a senger Fräizäit observéiert.

Vun 1846 u war hie Professer fir Astrophysik zu Chicago. Hien huet beim Lake Geneva deen no sengem Mäzen genannte Yerkes-Observatoire gebaut a vun 1895 bis 1905 geleet.

Fir d'Carnegie-Stëftung huet hie vun 1902 un d'Sonnenobservatoiren um Mount Wilson-Observatoire bei Pasadena opgeriicht. Hie war vun 1904 bis 1923 den Direkter vun deem Observatoire.

Den George Ellery Hale war de Grënner an Editeur vun den Zäitschrëften "Astronomy and Astrophysics" (1892) an "Astrophysical Journal" (1895).

1908 huet hie Magnéitfelder vun de Sonneflecken entdeckt an huet hiren Afloss op d'Atmosphär vun der Äerd ënnersicht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]