George L. Mosse

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den George Mosse, 1991

Den George Lachmann Mosse, gebuer den 20. September 1918 zu Berlin a gestuerwen den 22. Januar 1999 zu Madison, Wisconsin, war en däitsch-amerikaneschen Historiker. Hien huet méi wéi 25 Bicher verëffentlecht, seng Fuerschungsfelder waren d'fréi neizäitlech europäesch Geschicht a spéiderhin den Nationalsozialismus.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den George L. Mosse hat nach zwee Geschwëster, d'Hilde (1912-1982) an de Rudolf Lachmann Mosse (1913-1958). Seng Famill huet zu deene räichste jiddesche Familljen an Däitschland gezielt. Säi Grousspapp, de Rudolf Mosse, war de Grënner vun engem vun deene gréisste Verlagshaiser an Däitschland an Éditeur vun der wichtegster liberaler Zeitung zu Berlin, dem Berliner Tageblatt.[1] Dem George Mosse seng Mamm, d'Felicia Mosse an hire Mann, den Hans Lachmann, hunn nom Doud vum Grousspapp de Verlag bis zur Muechtiwwerdroung un d'Nazien weidergefouert. Den George Mosse ass fir d'éischt op de Mommsen Gymnasium zu Berlin gaangen an ass dunn am Alter vun 10 Joer an d'Internat Salem a Süddäitschland gewiesselt.

Nodeem den Adolf Hitler un d'Muecht komm ass, huet den George Mosse den 31. Mäerz 1933 Däitschland verlooss.[2] Den 28. Dezember 1933 gouf der ganzer Famill Mosse déi däitsch Staatsbiergerschaft oferkannt. Den George Mosse krut dunn duerch säi Papp ee gefälschte lëtzebuergesche Pass.[3] Säi Wee huet hien iwwer Frankräich an England gefouert, wou hien zu York an d'Bootham School goung.[4] 1936 huet hie sech zu Cambridge am Fach Geschicht ageschriwwen, wou hie bis 1939 bliwwen ass. Datselwecht Joer ass den George Mosse an d'USA emigréiert. Säi Bachelor huet hien 1941 um Haverford College, Pennsylvania, ofgeschloss.[5] Hie huet zu Harvard promovéiert, seng Dissertatioun mam Titel The Idea of Sovereignty in England, from Sir Thomas Smith to Sir Edward Coke huet hien 1946 ofgeschloss.[6] Am selwechte Joer gouf den George Mosse amerikanesche Staatsbierger. Scho während senger Ofschlossaarbecht koum hien op d'Universitéit vun Iowa zu Iowa City, wou hien eng Plaz als Assistenzprofesser krut. Hie blouf bis 1955 am Iowa.[7] Duerno huet hien op d'Universitéit vu Wisconsin zu Madison gewiesselt, wou hien zum John C. Bascom Professor of European History ernannt gouf.[8] Vun 1969 un huet den George Mosse all zweet Semester Virliesungen op der Hebräescher Universitéit zu Jerusalem gehalen, an hält zanter 1979 op der Universitéit d'Koebner-Professur fir däitsch Geschicht.[4]

1951 hat den George Mosse Israel fir d'éischt besicht. Säi Verhältnes zum nei gegrënnte Staat Israel war allerdéngs zwiespälteg. Zwar stoung hien a Kontakt mat zionistesche Vereenegungen, mä op der anerer Säit huet hien d'hebräesch Sprooch ni geléiert an all seng Virliesungen op der Hebräescher Universitéit op Englesch gehalen. Hien huet och net d'israelesch Staatsbiergerschaft ugeholl.[9]

Zousätzlech zu sengem Engagement zu Jerusalem war hien och Gaascht op den Universitéite vun Amsterdam, Cambridge, München an Tel Aviv. Doriwwer eraus war hien och an etleche Gremien a Gesellschafte vertrueden, wéi am Bäirot vun der Wiener Library zu London an dem Leo Baeck Institut zu New York. 1966 huet hien zesumme mam Walter Laqueur den Journal of Contemporary History gegrënnt. 1988 krut den George Mosse d'Goethe-Medail vum Goethe Institut. D'Leo-Baeck-Medail gouf him 1998 iwwerreecht.[4]

Den Historiker[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel den George Mosse no eegener Ausso éischter zoufälleg un d'Geschicht komm ass, huet hie wichteg Bäiträg zur Mentalitéits- a Kulturgeschicht geliwwert. Kultur ass nom George Mosse, “a state or habit of mind which is apt to become a way of life intimately linked to the challenges and dilemmas of contemporary society”.[10] Hie gesäit Kultur als eng Geschicht vu Perceptiounen. Hien huet dobäi versicht d'Wierkungsmuecht vu Symboler a Ritualer z'ergrënnen. Den George Mosse huet net nëmme publizéiert hie war och an der Léier aktiv, seng Coursë ware bei de Studenten immens beléift.

Um Ufank vu senger Carrière huet de Mosse sech virun allem mam neizäitlechen England bzw. Europa befaasst. Vun den 1960er Joren un huet hie sech mam Nationalsozialismus a Faschismus beschäftegt. The Crisis of German Ideology: Intellectual Origins of the Third Reich (1964) war säin éischt Buch zu dem Thema. Weider wichteg Publikatioune waren Nazi Culture (1966), The Nationalization of the Masses: Political Symbolism an Mass Movments in Germany from the Napoleonic Wars through the Third Reich (1975) an Toward the Final Solution: A History of European Racism (1978). Den George Mosse hieft doran ervir, datt den Nationalsozialismus net einfach op Propaganda an Terror zréckzeféieren ass, mä op eng nationalistesch, antisemitesch, fortschrëttsfeindlech Weltanschauung an Däitschland, déi hier Originnen am 19. Joerhonnert hat; eng Grondstëmmung, déi hie “völkesch Ideologie” nennt. Dofir géif sech den däitschen Faschismus vum deem vun aneren europäesche Staaten ënnerscheeden. Den George Mosse weist wéi d'Nazien déi "völkesch" Idealer, hir Institutionaliséierung an de Schoulen an Universitéiten ënner der gebildeter Bevëlkerung verbreet hunn.[11] Duerch gemeinsam Feieren, Ritualer an Zeremonië konnt de Faschismus erfollegräich tëscht dem Vollek an der Féierung vermëttelen. Dëst Gemeinschaftsgefill, an net Manipulatioun an Terror, hätt de faschistesche Regimer an Däitschland an an Italien zum Erfolleg verhollef.

An The Nationalization of the Masses (1975) ännert de Mosse säi Fokus vun Däitschland op ganz Europa. Hie schreift datt d'Erschafe vun engem “mass man” eng noutwenneg Konsequenz vun der Industrialiséierung vun Europa war.[12] Seng Argumentatioun baséiert sech op der Analys vun ëffentleche Feieren, nationale Monumenter, politesche Kulter, Mythen a Symboler.

An Toward the Final Solution: A History of European Racism (1978) weist hien dorophin, datt den europäesche Rassismus seng Wuerzelen an enger besonnescher Opfaassung vum griicheschen Schéinheetsideal huet, dem Judden oder Schwaarzer net entsprieche géifen.[13] Nom George Mosse gëtt et eng Verbindung tëscht der Franséischer Revolutioun an dem Faschismus an deem Sënn, datt d'Revolutioun eng nei Aart vu Politik agefouert huet, déi d'Masse mobiliséiere kann an déi an e politesche System integréiert ass duerch Riten an Zeremonien (Fascism and the French Revolution, 1989).[14]

A sengem spéidere Wierk huet hie sech och fir Gender a Sexualitéit interesséiert. Hei ass virun allem säi Buch Nationalism and Sexuality: Middle-Class Morality and Sexual Norms in Modern Europe (1985) ervirzehiewen, dat als Bekenntnis zu senger eegener Homosexualitéit bezeechent ka ginn.[15] Seng Autobiographie Confronting History: A Memoir ass posthum erschéngen.

Als Hommage un den Historiker bidde souwuel d'Universitéit vu Wisconsin wéi och d'Hebräesch Universitéit een George L. Mosse Program in History un. Un der Humboldt Universitéit zu Berlin gëtt et eng Virliesungsrei ënner dem Numm Mosse Lectures.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • The Idea of Sovereignty in England, from Sir Thomas Smith to Sir Edward Coke, Dissertation, Harvard, 1946
  • The Reformation, New York, Henry Hold & Co., 1953
  • The Culture of Western Europe: The Nineteenth and Twentieth Centuries, Chicago, 1961
  • The Crisis of German Ideology: Intellectual Origins of the Third Reich, New York, Grosset & Dunlap, 1964
  • Nazi Culture: Intellectual, Cultural, and Social life in the Third Reich, New York, Grosset & Dunlap, 1966
  • The Nationalization of the Masses: Political Symbolism an Mass Movments in Germany from the Napoleonic Wars through the Third Reich, New York, Howard Fertig, 1975
  • Toward the Final Solution: A History of European Racism, New York, Howard Fertig, 1978
  • German Jews beyond Judaism, [Based on the author's Elfroymson Lecture at the Hebrew Union College], Bloomington (Ind.), Indiana University Press/Cincinnati (Ohio), Hebrew Union College Press, 1985
  • Nationalism and Sexuality: Respectability and Abnormal Sexuality in Modern Europe, New York, Howard Fertig, 1985
  • Fascism and French Revolution, in: Journal of Contemporary History, XXIV, 1, January 1989, S. 5-26
  • Confronting the Nation: Jewish and Western Nationalism, Hanover (N.H.), London, University Press of New England, 1993
  • The Image of Man: The Creation of Modern Masculinity, New York, Oxford Universitiy Press, 1996
  • Confronting History: A Memoir, The University of Wisconcin Press, Madison, 2000 (Autobiographie)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kraus, Elisabeth: Die Familie Mosse. Deutsch-jüdisches Bürgertum im 19. und 20. Jahrhundert. C.H. Beck, München 1999
  • Mosse, George L.: Aus großem Hause, Erinnerungen eines deutsch-jüdischen Historikers. Ullstein, München 2003 (Autobiographie, aus dem Engleschen iwwersat vum Karl-Heinz Siber)
  • Audoin-Rouzeau, Stéphane: George L. Mosse: Réflexions sur une méconnaissance française. Annales. Histoire, Sciences Sociales, 2001/1 56e année, S. 183-186
  • Herf, Jeffrey: The Historian as Provocateur: George Mosse's Accomplishment and Legacy. Yad Vashem Studies, vol. 29 (2001), S. 7–26

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: George L. Mosse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Zum Rudolf Mosse: Kraus, Elisabeth: Die Familie Mosse. Deutsch-jüdisches Bürgertum im 19. und 20. Jahrhundert. C.H. Beck, München 1999, S. 156-200.
  2. Mosse, George L.: Aus großem Hause, Erinnerungen eines deutsch-jüdischen Historikers. Ullstein, München 2003, S. 112- 113.
  3. Aus großem Hause, S. 150-151.
  4. 4,0 4,1 4,2 Kraus: Die Familie Mosse, S. 561.
  5. Aus großem Hause, S. 204.
  6. Aus großem Hause, S. 382 (Literaturverzeechnis).
  7. Aus großem Hause, S. 220-256.
  8. Aus großem Hause, S. 257ff.
  9. Aus großem Hause, S. 327 an S. 334.
  10. George L. Mosse: The Culture of Western Europe, S. 2.
  11. Herf, Jeffrey: The Historian as Provocateur: George Mosse's Accomplishment and Legacy, S. 5. Word - 2027.pdf
  12. Herf, Jeffrey: The Historian as Provocateur: George Mosse's Accomplishment and Legacy, S. 7. Word - 2027.pdf
  13. Herf, Jeffrey: The Historian as Provocateur: George Mosse's Accomplishment and Legacy, S. 8. Word - 2027.pdf
  14. Herf, Jeffrey: The Historian as Provocateur: George Mosse's Accomplishment and Legacy, S. 11-12. Word - 2027.pdf
  15. Aus großem Hause, S. 311.