George Ogden Abell

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den George Ogden Abell, gebuer den 1. Mäerz 1927 zu Los Angeles, Kalifornien a gestuerwen de 7. Oktober 1983 zu Encino, Kalifornien, war en US-amerikaneschen Astronom.

Den Abell huet seng Léier mat engem Bachelor of Science (1951), engem Master of Science (1952) an engem Doktertitel (Ph.D. 1957) um California Institute of Technology (CalTech) ofgeschloss.

Den Abell war Professer op der University of California, Los Angeles. Zu den Theme vu senger Fuerschung hunn ënner anerem Planetaresch Niwwele gehéiert. Besonnesch ervirzehiewen ass awer säi Beitrag zu den Originne vun der observéierender Kosmologie. Op der Basis vum Palomar Observatory Sky Survey huet hien zënter den 1950er Joren u sengem Katalog geschafft, ee Katalog iwwer Galaxiëkéip. Mat där Hëllef konnt fir d'éischte Kéier d'Struktur vum Universum bis zu enger Routverrécklung vu ronn 0.2 ënnersicht ginn, déi bis haut vu grousser Bedeitung bliwwen ass.

Den Abell ass Matentdecker vum Koméit 52P (Harrington-Abell). No him benannt ass och den Asteroid 3449 Abell.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie