George S. Patton

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
George S. Patton
Gebuer 11. November 1885
San Gabriel
Gestuerwen 21. Dezember 1945
Heidelberg
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit USA
Educatioun United States Military Academy,
Command and General Staff College
Aktivitéit Autobiograph, Offizéier, Schwëmmer
George S. Patton jr., 1918
George S. Patton jr., 1943
Dem Patton säi Graf zu Hamm

Den George Smith Patton, jr., gebuer den 11. November 1885 zu San Gabriel (Kalifornien), a gestuerwen den 21. Dezember 1945 zu Heidelberg war e Véier Stäre-Generol an der US-Arméi am Zweete Weltkrich.

Hie war eng vun den aussergewéinlechste Persounen aus dem Zweete Weltkrich, bekannt als „Old Blood and Guts” a fir seng eisen Disziplin beim Féiere vu sengen Truppen. Wärend der Rundstedt-Offensiv huet e sechs Divisioune vu senger drëtter amerikanescher Arméi aus dem Saargebitt un d'Front Baaschtnech-Dikrech-Iechternach bruecht, fir d'Südflank vun der däitscher Offensiv unzegräifen an déi zu Baaschtnech agekesselt Amerikaner z'entlaaschten. Domat huet e Lëtzebuerg souzesoen eng zweet Kéier befreit.

Seng Jugend

D'Famill Patton huet en ettlech Militär a Politiker an hire Reie gezielt.

Den George jr. war Legastheniker an hat Schwieregkeete fir d'Sprooch an d'Schrëft ëmzesetzen an ëmgekéiert. Seng militäresch Formatioun huet hien um Virginia Military Institute an der US Military Academy zu West Point kritt.

Zu Stockholm huet hien 1912 un den Olympesche Summerspiller deelgeholl a gouf fënneften am Fënnefkampf.

De Patton am Éischte Weltkrich

1915 gouf e Leitnant. E gouf un d'mexikanesch Grenz verluecht, wou en erfollegräich géint déi Opstännesch gekämpft huet an dobäi de „Generol” Julio Cardenas, den Haaptmann vun der Leifgarde vum Pancho Villa, mat sengem Colt erschoss huet. Ënner dem Generol Pershing huet de Captain Patton am Éischte Weltkrich an Europa gekämpft. Hie war et, deen déi éischt 500 amerikanesch Panzerzaldoten ausgebilt huet. Hie gouf duerch Schëss vu Mitraillettë verwonnt a koum als Colonel aus dem Krich.

De Patton am Zweete Weltkrich

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Patton a Lëtzebuerg

Dem Patton seng Arméi hat Ettelbréck de 25. Dezember 1944 befreit[1]. Hie war dacks bei sengen Zaldoten op der Front an et gouf laang ugeholl, hie kéint och zu Ettelbréck gewiescht sinn, ouni datt et awer Dokumenter oder Fotoe gouf, déi dat beleeë konnten[1]. Nodeems eng Rei vum Patton sengen Dokumenter, déi an der amerikanescher Kongress-Bibliothéik stockéiert waren, digitaliséiert an ëffentlech zougänglech gemaach goufen, ass eng Notiz fonnt ginn[2], déi beleet, datt de Patton effektiv de 25. Januar 1945 zu Ettelbréck war[3].

Den George S. Patton gouf de 24. Dezember 1945 um Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm begruewen, nodeems en den 21. Dezember, zwielef Deeg no engem Autosaccident an der Géigend vu Mannheim, an engem Militärspidol zu Heidelberg gestuerwe war.

Fir un de Patton z'erënnere gëtt et eng Rëtsch Stroossen oder Plazen déi nom him genannt goufen, sou z. B. zu Conter, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, um Houwald, an der Stad, zu Mäerzeg, Ollem, Stengefort, Stroossen, Helsem a Wolz.

Patton-Legenden

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Filmer

Literatur

  • Nicolay, Pascal & Romain Reinard, 2006. Zum 60. Todestag von General Patton († 21.12.1945). In: Ex libris: bulletin de liaison du Cercle Pierre Roberti N° 45: 15-17. Luxembourg.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: George S. Patton – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. 1,0 1,1 Informatiounspanneau um Patton-Square zu Ettelbréck
  2. „January 25, 1945 – Godman, Stiller and I visited Headquarters of the 4, 5th and 80th Infantry Divisions. Also had a look at Diekirch, Ettelbruck and Wiltz. All had been very thoroughly liberated.“
  3. General Patton hat Ettelbrück sehr wohl besucht. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-04-05). Gekuckt de(n) 2021-06-20.