Georges Mischo

Vu Wikipedia
Georges Mischo
Gebuer 18. September 1974
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Georges Mischo, gebuer den 18. September 1974[1] zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV). Hien ass zanter dem 17. November 2023 Minister fir Sport a Minister fir Aarbecht an der Regierung Frieden-Bettel.[2]

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Mischo ass vu Beruff Sportsprofesser.

De Georges Mischo huet eng éischt Kéier bei de Gemengerotswalen 2011 kandidéiert a gouf 2014 Member vum Escher Gemengerot. Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 war hie Spëtzekandidat vu senger Partei, an e gouf de 14. November 2017 Buergermeeschter an engem Schäfferot mat enger CSV-DP-déi Gréng-Majoritéit[3]. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf hien erëmgewielt an nees Buergermeeschter ënnert der selwechter Koalitioun[4].

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018[5] grad sou wéi bei deene vum 8. Oktober 2023 gouf hien als Kandidat vun der CSV am Walbezierk Süden an d'Chamber gewielt.

Mëtt November 2023 huet hien op seng Deputéierten- a Buergermeeschteschmandater verzicht, fir Minister fir Aarbecht a Sport an der Regierung Frieden-Bettel ze ginn.

De Georges ass bestuet an huet 2 Kanner.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Mischo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sou uginn als Verwaltungsrotpresident vum Centre hospitalier Emile Mayrisch ënnert der Nummer G197 am Handelsregëster, publizéiert den 8. Februar 2018
  2. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  3. Resultater vun de Gemengewalen 2017
  4. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (13.07.2023). Gekuckt de(n) 14.07.2023.
  5. Resultat vun de Walen 2018