Georges-Marie Haardt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Goerges-Marie Haardt gebuer 1884 zu Neapel a gestuerwen zu Hong-Kong de 16. Mäerz 1932 war Responsable commercial an Direkter bei Citroën.

Hie war de Leeder vun dräi Expeditiounen, déi Citroën lancéiert hat, fir hir Autoen ze testen a bekannt ze maachen, dovun déi éischt duerch d'Sahara, déi zweet duerch den afrikanesche Kontinent (Croisière noire), an déi drëtt duerch Asien (Croisière jaune).

Bei der leschter Expeditioun hat en eng Longenentzündung opgeraf an ass um Réckwee zu Hong-Kong gestuerwen.