Georges Dewandre

Vu Wikipedia
Georges Dewandre
Gebuertsnumm Georges Emile François Joseph Marie Dewandre
Gebuer 31. Mee 1853
Charleroi
Gestuerwen 28. Mäerz 1932
Léck
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Ingenieur
Famill
Bestuet mat Sophie Minette
Papp Barthel Dewandre
Mamm Jenny de Haussy

De Georges Émile François Joseph Marie Dewandre, gebuer den 31. Mee 1853 zu Charleroi a gestuerwen den 28. Mäerz 1932 zu Léck, war e belschen Ingenieur. Seng Eltere waren de Barthel Dewandre (1822-1893) an d'Jenny de Haussy (1830-1907). Hie war mat der Sophie Minette bestuet.

De Georges Dewandre huet säin Ingenieursstudium zu Léck gemaach, an huet duerno bei de Forges de la Providence zu Marchienne an zu Hautmont geschafft. Duerno gouf hie Regisseur vun der Société des Hauts-Fourneaux de Monceau-sur-Sambre an Direkter vun den Aciéries de Sclessin bei Léck.

De Georges Dewandre war bei der Grënnung vun der ARBED am Juli 1911 an där hirem Verwaltungsrot. Dat koum dohier well hien e Mandat am Aufsichtsrat vun der Burbacher Schmelz an der Saar hat.

Hie war donieft ee vun de Pionéier vun der Autosindustrie an der Belsch. Zesumme mat sengen zwéi Bridder hat hien un der Entwécklung vun de Servobremse matgehollef.