Georges Erasme Muller

Vu Wikipedia
Georges Erasme Muller
Gebuer 14. Oktober 1925
Gestuerwen 30. Juli 2010
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Georges Erasme Muller, gebuer de 14. Oktober 1925 zu Diddeleng a gestuerwen den 30. Juli 2010[1] war e lëtzebuergeschen Neurolog an Auteur.[2]

Bekannt war hien ë. a. ënner dem Pseudonym Georges Erasme oder George Erasmus, mat deem e seng literaresch Publikatiounen ënnerschriwwen huet. De Georges Erasme huet zanter 1985 Texter op Franséisch publizéiert fir Les Cahiers luxembourgeois“, Lëtzebuerger Land, Nos cahiers a Galerie“. Vill dovun hu sech virun allem ëm Krichserënnerunge gedréint. Do derbäikommen iwwer 30 medezinesch Texter, déi an dräi Sproochen an an néng Länner publizéiert, an nach heiensdo a japanesch an an arabesch iwwersat goufen.[3]

Seng bekanntst Publikatioun, d'satirescht Bichelchen How to remain what you are. Everything you always wanted to know about Luxembourg but nobody ever told you aus dem Joer 1989 gouf an 8 Sproochen iwwersat an hat eng Oplo vu ronn 20.000 Exemplairen. Et ass eent vun deenen am meeschte verkaafte Bicher iwwerhaapt zu Lëtzebuerg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. d'Lëtzebuerger Land, 6. August 2010, S.,4.
  2. (sjp.): Georges E. Muller gestorben. Luxemburger Wort 2010, Nr. 178 (3. August), S. 11. — Conter, Claude D.: Muller, Georges Erasme. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online-Versioun. Stand: 17. November 2011. [1] [opgeruff de 6. Juni 2012]. (fr)
  3. En mémoire de Georges Erasme Muller (1925 - 2010) bnl.lu