Georges Gredt

Vu Wikipedia
Georges Gredt
Gebuer 8. Dezember 1897
Déifferdeng
Gestuerwen 19. November 1970
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur
Famill
Papp Paul Gredt


De Georges Gredt, gebuer den 8. Dezember 1897 zu Déifferdeng a gestuerwen den 19. November 1970, war e lëtzebuergeschen Ingenieur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Gredt war dat eelst vun den zwee Kanner vum Ingenieur Paul Gredt (1867–1934), deen eng Zäit Direkter vun der Déifferdenger Schmelz war.

Nom Ofschloss vu senge Secondairesstudien an der Schwäiz (am "Collegium Mariahilf" vu Schwyz), huet hien op der Technescher Héichschoul zu Oochen Siderologie ("Hüttenkunde") studéiert. Nodeem hien am August 1923 op der ETH-Zürich zum Dr. Ing. promovéiert hat, ass hien op d'Schmelz vu Röchling Völklingen schaffe gaangen. Méi spéit goung hien op Paräis a gouf do Conseiller am Bureau de Vente des Aciers de la Sarre. Nach duerno huet hien d'Geschäfter vu sengem Papp iwwerholl.

1931 huet hie sech mat der Marie ("May") Kauffman (* 1908) bestuet, der Duechter vum fréiere Staatsminister Léon Kauffman. D'Koppel hat véier Jongen, wouvun ee fréi gestuerwen ass.

Nom Zweete Weltkrich gouf de Georges Gredt zum Direkter vum Office des Dommages de guerre zu Lëtzebuerg ernannt.

Hie war, wéi scho säi Papp, Generalkonsul vu Schweden. Hie war och eng Zäit President vum Touring Club.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jules Mersch: Deux branches de la famille Brasseur. Biographie nationale du pays de Luxemborg depuis ses origines jusqu'à nos jours, Band 10, 1971 (Georges Gredt: S. 53-54) [1]
  • Edouard Marc Kayser, Esquisse d'histoire familiale: Les Gredt de Luxembourg au XIXe siècle et au début du XXe; in: Récré-Ausbléck 28 (Éditions de l'APESS, 2014), Ss. 73-91 (ill., Bibliogr.).