Georges Hausemer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Georges Hausemer 2008

De Georges Hausemer, gebuer den 1. Februar 1957 zu Déifferdeng ass fräie Schrëftsteller, Iwwersetzer an Zeechner.

Inhaltsverzeechnes

Säi Liewen[änneren]

Zu Déifferdeng gebuer, ass de Georges Hausemer zu Stengefort, Péiteng, Waasserbëlleg, Mäertert an Hoen opgewuess. Hien huet zu Salzburg a Mainz Publizistik a Romanistik studéiert. Zanter 1984 lieft hien als fräie Schrëftsteller, Iwwersetzer, Verlagsmataarbechter an Zeechner zu Esch/Uelzecht.

Hien hat länger Openthalter an den USA (International Writing Program, Iowa, 1988), a Spuenien an zu Berlin an huet zanter 1995 Reesen an Asien (Thailand, Indien, Nepal, China), Afrika (Senegal, Mali, Burkina Faso, Niger), USA, Mëttel- a Südamerika.

Hie war 1986 Grënnungsmember a bis 1991 Sekretär vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV).

2000 huet en als Lëtzebuerger Vertrieder um Literaturexpress Europa 2000 deelgeholl.

Seng Biller huet hien zanter 1992 e puer Mol am Salon du CAL an am Konschthaus Beim Engel ausgestallt.

Auszeechnungen[änneren]

De Georges Hausemer gouf fir säi Wierk als Auteur an Iwwersetzer mat verschiddenen nationalen an auslännesche Präisser, Boursen a Stipendien ausgezeechent, z. B. e puer Mol beim Nationale Literaturconcours (fir Romaner, Kuerzgeschichten, Reesgeschichten, Gedichter).

Säi Wierk[änneren]

De Georges Hausemer publizéiert zanter 1982 Romaner, Erzielungen, Kuerzgeschichten, Gedichter an Iwwersetzungen (aus dem Franséischen, Engleschen a Spueneschen). Donieft schreift hien Texter an Zeitungen, Zäitschrëften an Anthologien; zanter 1995 och Reesreportagen an nationalen an internationalen Zeitungen (Frankfurter Allgemeine Zeitung, Frankfurter Rundschau, Süddeutsche Zeitung, Neue Zürcher Zeitung, Der Standard, Telecran, etc.). Hien ass den Auteur vum Luxemburger Lexikon (2006).

Wierker[änneren]

  • Das Buch der Lügen : Roman, F. Schneekluth, München 1985, 198 S. (Münchner Edition).
  • Milan 412 : Notizen und Berichte, Ėditions Guy Binsfeld, Luxemburg 1987, 95 S.
  • Kleines luxemburgisches Sittenbild : Roman, Alano Verlag, Aachen 1989, 141 S. (Edition Luxemburger Autoren, Bd. 1).
  • Das Institut, Op der Lay, Esch-Sauer 1989, 81 S.
  • Der Spanier in meinem Zimmer : Stories, Op der Lay, Esch-Sauer 1992, 149 S.
  • Hornissen schießen : kleine Prosa, Eric van der Wal, Bergen (Holland) 1993, n.p.
  • Die Gesetze der Schwerkraft: Erzählung, Ėditions Phi, Echternach 1995, 124 S.
  • Die Tote aus Arlon : 39 Geschichten (mit einem Nachwort von Roger Manderscheid und Radierungen von Ursula Frerich), Gollenstein Verlag, Blieskastel 1997, 236 S.
  • Luxemburg kulinarisch : Küche, Land & Leute, Ėditions Guy Binsfeld, Luxembourg 1997, 236 S. (zesummen mat dem Guy Hoffmann an dem Sylvie Bisdorff).
  • Iwwer Waasser : Roman, Ėditions Phi, Iechternach 1998, 191 S.
  • Im Land der Mauren und Olivenhaine : andalusische Streifzüge, Picus Verlag, Wien 2000, 131 S. (Picus Lesereisen).
  • D'Stad Lëtzebuerg : die Stadt Luxemburg : Streifzüge und Impressionen. Ėditions Guy Binsfeld, Luxemburg 2000, 233 S. (zesummen mat dem Robert Kieffer).
  • Der lächelnde Elefant in der Rushhour : thailändische Szenerien. Picus Verlag, Wien 2002, 132 S. (Picus Lesereisen).
  • Und abends ein Giraffenbier : Reisegeschichten, Ėditions Guy Binsfeld, Luxembourg 2006, 301 S.
  • Die heiligen Ratten von Deshnok : eine indische Reise, Ėditions Saint-Paul, Luxembourg 2008, 140 S.
  • Dem Sibbi seng Wierder, Ėditions Guy Binsfeld, Luxembourg 2008, n.p. (Kollektioun: MiniBuch ; Bd. 1) [e Kannerbuch].
  • Mit dem Groβherzog am Mittagstisch : Luxemburger Grenzgänge, Picus Lesereisen, Picus Verlag, Wien, 2009, 132 S.
  • Lesereise Baskenland : die kochenden Kerle von der Muschelbucht, Picus Lesereisen, Picus Verlag, Wien, 2010, 132 S.
  • Con Dao : Erzählungen, Ėditions Guy Binsfeld, Luxemburg 2011, 170 S.

Iwwersetzungen (Auswiel)[änneren]

Aus dem Franséischen (zesumme mat der Gabrielle Seil):

  • Jean-Pierre Gattégno: Eiskalter Blick, Roman, Goldmann Verlag, München, 1994.
  • Suzanne Bernard: Das Badehaus, Roman, Goldmann Verlag, München 1996.
  • Michel Folco: Wolfsjunge, Roman, btb im Goldmann Verlag, München 1996.
  • Emmanuel Carrère: Der Schnurrbart, Roman, Wagenbach Verlag, Berlin 1997.
  • Jean-Pierre Gattégno: Schnee auf den Gräbern, Roman, btb am Goldmann Verlag, München 1999.
  • Tonino Benacquista: Die Absacker, Roman, Manhattan am Goldmann Verlag, München 2000.
  • Jean-Pierre Gattégno: Der vertauschte Mantel, Roman, btb am Goldmann Verlag, München 2000.
  • Régine Detambel: Das Glasdach, Roman, Gollenstein Verlag, Blieskastel 2000.

Aus dem Englischen:

  • Desmond Egan: Irish Poems, Éditions Phi, Iechternach 1997.

Aus dem Lëtzeburgeschen (zesumme mam Roger Manderscheid):

  • Roger Manderscheid: Tschako klack, Roman, Gollenstein Verlag, Blieskastel 1997.
  • Roger Manderscheid: Der Papagei auf dem Kastanienbaum, Roman, Gollenstein Verlag, Blieskastel 1998.

Wat soen d'Medien?[änneren]

  • Zu dem Georges Hausemer sengem éischte Roman op Lëtzebuergesch Iwwer Waasser:

Iwwer Waasser as den éischte Lëtzebuerger Roman, an deem ech bis elo "Lëtzebuerg" wierklech erëmkannt hun. An aplaz lo selwer a spéitréimesch Zeremonien ze verfalen, gënne mer eis léiwer eng ganz kleng Passage aus engem grousse Buch:
"Mam Geräisch vum Wand am Ouer, dee wäit vum Mier erof, vun Ostende iwwert d'Ardenne bléist, schléift de Lex an. A mat de Reendrëpsen, déi widdert d'Fënster schloen. Wéi Spéngelen. Spéngelskäpp. Widdert d'Glas. Honnertdausend Pickerten."
Wann's d'eppes kanns!

De Jean-Michel Treinen am Land vum 12. Juni 1998.
  • Zu dem Georges Hausemer sengem Der lächelnde Elefant in der Rushhour. Thailändische Szenerien:

Immer vertieft er seine Beobachtungen und Erfahrungen durch Rückgriffe auf historische, politische und kulturelle Hintergründe. Schließlich entspricht seiner neugierigen, sinnlichen, weltoffenen Mentalität eine klar informierende, kraftvolle, eigenwillige, leidenschaftlich die Umwelt erhellende Sprache; sie bleibt stets auf der Höhe ihres Gegenstandes. Als versierter Autor hat er den Reportagestil im Griff.

De Fritz Werf am Land vum 27. September 2002.

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Georges Hausemer – Biller, Videoen oder Audiodateien