Georges Heisbourg

Vu Wikipedia
Georges Heisbourg
Gebuer 19. Abrëll 1918
Hesper
Gestuerwen 28. Abrëll 2008
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat

De Georges Heisbourg, gebuer den 19. Abrëll 1918 zu Hesper a gestuerwen den 28. Abrëll 2008, war e lëtzebuergesche Resistenzler, Diplomat an Auteur vu Bicher iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Exilregierung (1940-1944).

No sengem Premièresexamen am Stater Kolléisch (1937) huet de Georges Heisbourg Lettres op de Cours supérieurs an op der Universitéit vu Grenoble vun 1941 bis 1943 studéiert. Ier en d'Land verlooss huet war en an der Fussball-Nationaléquipe[Source?].

1940 war hie President vum Akademikerveräin, der spéiderer ALUC. Wéi de Gauleiter Gustav Simon d'Rudder zu Lëtzebuerg iwwerholl huet, huet de Georges Heisbourg, wéinst senger patriotescher Haltung, mat der Villa Pauly Bekanntschaft gemaach. Enn 1940 war hien zwar op der Universitéit vun Innsbruck ageschriwwen, well d'Nazië keen ausserhalb vum groussdäitsche Räich wollte studéiere loossen, mä virdrun huet en an d'Einführungslager op d'Buerg Stahleck misse goen, an direkt duerno krut e wéinst senger antidäitscher Haltung verbuede fir weiderzestudéieren. Hien huet dunn net laang gewaart, fir sech an d'Zone libre vu Frankräich a Sécherheet ze bréngen. Do huet hien zu Grenoble bis zur Lizenz weiderstudéiert (klassesch Philologie an Englesch). Duerno huet en a Privatschoulen, zum Schluss zu Montbrison, ënner engem Decknumm (d'Zone libre war Enn 1942 och besat ginn), Schoul gehale fir ze liewen. Hie war a Kontakt mat chrëschtleche Resistenzler, ënner anerem mam spéider bekannten Abbé Pierre. Wéi Lëtzebuerg libéréiert gouf, ass e mam Vëlo iwwer Paräis op Lëtzebuerg zeréckgefuer. Een Dag no sengem Retour ass och d'Exilregierung rëmkomm. De Georges Heisbourg gouf séier mam Opbau vun engem Informatiounsbureau fir d'Regierung beoptragt, wuel well en een Ofschloss hat a gutt Englesch konnt.

Duerno huet hien eng diplomatesch Carrière gemaach, mol zu Lëtzebuerg am Ausseministère, mol am Ausland. Am Laf vu sengen Aktivitéiten als Diplomat huet hien de Grand-Duché zu London, zu Washington, zu New York (Vereent Natiounen), am Kanada, a Mexiko, an Holland, zu Paräis (O.E.C.D.), zu Stroossbuerg (Europarot) an erëm zu London (WEU - Western European Union) vertrueden. Hien ass als Ambassadeur a Pensioun gaangen.

De Georges Heisbourg huet och d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Exilregierung erfuerscht an déi Fuerschungen ënner dem Titel Le gouvernement luxembourgeois en exil - a 4 Bänn - publizéiert (Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag; 1986, 1987, 1989 an 1991).

De Georges Heisbourg ass de Papp vum franséisch-lëtzebuergesche Politolog an héije Fonctionnaire François Heisbourg, deen ee Buch publizéiert huet, an deem vill vu sengem Papp a vun de Krichsjore geschwat gëtt: Cet étrange nazi qui sauva mon père - L'odyssée du baron von Hoiningen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Le gouvernement luxembourgeois en exil. Luxembourg : Éditions de l'Imprimerie Saint-Paul, 1986–1991

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heisbourg F., Cet étrange nazi qui sauva mon père - L'odyssée du baron von Hoiningen; Paräis (Stock), Februar 2019; 334 Säiten; ISBN 978-2-234-08355-4.
  • (sjp.) Georges Heisbourg +. Ältester noch lebender Luxemburger Diplomat ist tot ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 2. Mä 2008 (mat Photo).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 BULLETIN DE DOCUMENTATION - 10e Année - NOVEMBRE-DÉCEMBRE 1954 Nos 11-12 Distinction honorifique p 221