Georges Hellinghausen
De Georges Hellinghausen, gebuer den 12. August 1956 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Theolog a Kierchenhistoriker.
1975 ass hien an de Séminaire agetratt an de 4. Juli 1981 gouf hien zum Priister geweit. Seng Studien huet hien 1985 mat engem Doktorat a Kierchegeschicht an Theologie ofgeschloss[1].
De Georges Hellinghausen ass Bëschofsvikar an zënter 1988 Professer um Grand séminaire / Centre Jean-XXIII vu Lëtzebuerg, wou hien 1993 Direkter (Präses) gouf.[1]
Hien ass Member vum Bëschofsrot, theologesche Beroder vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an zënter November 2011 Direkter fir religiéis a kierchlech Affairen an de Medie vu Saint-Paul Luxembourg[1].
Den 22. Mee 2012 gouf hie vum Doumkapitel vun der Kathedral zum Doumprobst (Prévôt du Chapitre cathédral) gewielt[2].
De Georges Hellinghausen ass Membre effectif vun der Section historique vum Institut grand-ducal.
Inhaltsverzeechnes |
Aner Funktiounen [änneren]
- President vun der Kommissioun Justice et Paix
- President vum Missiounswierk vum Poopst / Missio Lëtzebuerg)
Publikatiounen [änneren]
- L'histoire (ecclésiastique) luxembourgeoise à la lumière des sources romaines. Hémecht, Jg. 60 (2008), Heft 3/4 (= Actes des Deuxièmes Assises de l'Historiographie luxembourgeoise, erausgi vum Sonja Kmec), Ss. 363-390; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag.
- Hat Grossherzogin Charlotte zweimal geheiratet?; in: Hémecht, Jg. 59 (2007), Heft 1, Ss. 5-18; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag.
- Le Grand-Duché, pays profondément catholique (1880 - 1960); in: La croix et la bannière - Les catholiques en Luxembourg de Rerum novarum à Vatican II; Bastogne, Musée en Piconrue, Livre-catalogue, 2005; p. 229-234, ill.
- Luxemburg und der Heilige Stuhl unter dem Pontifikat Johannes Pauls II. (1978-2005) - An der Schwelle und am Übergang zum dritten Jahrtausend; in: Hémecht - Zeitschrift für Luxemburger Geschichte, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Verlag); Jg. 57(2005), H. 1, Ss. 5-33.
- Mgr. Jean Hengen, 1912-2005 : ein bescheidener, hilfsbereiter und einfacher Hirte, in: Luxemburger Wort, Jg. 157(2005), Nr. 25 (31. Januar 2005), Ss. 4-5, ill.
- Unsere Grossherzöge und der Heilige Stuhl - Besuch des Staaschefs im Vatikan; in: Die Warte-Perspectives, Jg. 55(2003), Nr. 12 / 2032, am Luxemburger Wort vum 27. März 2003;
- 150 Jahre Luxemburger Wort : Selbstverständnis und Identität einer Zeitung (1973-1998); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 1998; 472 S.
- "Im Anfang war das Wort. Hier stock ich schon" - Historisch-literarischer Essay zum 150. Jubiläum des Luxemburger Wort am 23. März 1998; in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 19 (1998), Heft Nr. 1; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag; Ss. 9-26;
- Kampf um die apostolischen Vikare des Nordens J.Th. Laurent und C.A. Lüpke - Der Hl. Stuhl und die protestantischen Staaten Norddeutschlands und Dänemark um 1840; Dokterthes (1985), päpstlech Universitéit Gregoriana => als Band 53 an der Rei "Miscellanea Historiae Pontificiae" publizéiert, Verlag vun der päpstlecher Universitéit Gregoriana, Diffusioun duerch d'Sankt-Paulus-Dréckerei, Lëtzebuerg, 1987; XXVI + 364 Säiten.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Grand Séminaire de Luxembourg
- Säit vun der Kommissioun Justice et Paix mat engem Bäitrag vum Georges Hellinghausen: Le Vatican et les instruments internationaux en matière de droits de l’homme
- Artikel: Histoire de l'Archevéché de Luxembourg vum Georges Hellinghausen (www.cathol.lu