Georges Lentz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Georges Lentz

De Georges Lentz, gebuer de 22. Oktober 1965, ass e lëtzebuergesche Komponist, deen zënter 1990 an Australien lieft.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen

Hien huet um Stater Conservatoire, um Conservatoire national supérieur de Paris an op der Musikhochschule vun Hannover studéiert.

Zënter 1989 schafft de Georges Lentz un engem Zyklus mam Numm Caeli enarrant... (D'Himmelen erzielen – Psalm 19). Seng Musek ass beaflosst duerch d'Astronomie, déi wäit australesch Landschaften an d'Molereie vun den Aborigines. 2002 gouf säi Stéck fir Orchester 'Guyuhmgan' zweet bei der Tribune internationale des compositeurs de l’UNESCO zu Paräis. Seng Musek gëtt uechtert Welt gespillt, sief et an der Berliner Philharmonie, am Wiener Konzerthaus, an der Wigmore Hall zu London, der Carnegie Hall vun New York oder der Suntory Hall vun Tokyo. De Georges Lentz schreift sielen nei Kompositiounen.

Eng vu senge leschte Kompositiounen, 'Monh', e Concerto fir Alto fir d'Tabea Zimmermann, ass am Juli 2005 an der Philharmonie Lëtzebuerg uropgeféiert ginn, mat der Bratschistin Tabea Zimmermann an dem Orchestre philharmonique du Luxembourg ënner dem Steven Sloane. Et war eng Commande vum Iechternacher Musekfestival, dem Sydney Symphony Orchestra an dem BBC 3.

Seng Wierker gi vun der Universal Edition, Wien verëffentlecht.

[änneren] Wichtegst Wierker

[änneren] Caeli enarrant... (1989 bis haut)

Deel Ënnertitel Joer Instrumentatioun
I 1989–1998 Orchester
III 1990–2000 12 Sträicher, 3 Percussionnisten an 1 Kannerstëmm
IV 1991–2000 Sträichquartett a 4 Cymbalen
V 1989–1992 preparéierte Piano
VII
Mysterium
Birrung 1997–2004 11 Sträicher
Ngangkar 1998–2000 Orchester
Nguurraa 2000–2001 Klarinett, Gei, Cello, Percussioun a Piano
Guyuhmgan 2000–2007 Orchester an Elektronik
Alkere 2002–2004 preparéierte Piano
Monh 2001–2005 Solo-Braatsch, Orchester an Elektronik
Ingwe 2003–2009 elektresch Gittar
String Quartet(s) 2000-

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen