Georges Montefiore-Levy

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Georges Montefiore-Levy, gebuer 1830 zu London a gestuerwen de 24. Abrëll 1906 zu Bréissel, war en belsche Metallurgist a Philanthrop vun italienesch-jiddescher Ofstamung.

Dat éischt belscht Telegraphennetz gouf vun 1879 u mat Dréit aus Phosphorbronze, déi de Montefiore erfonnt hat, opgebaut. De Gebrauch vun deenen Dréit huet sech op ganz Europa ausgebreet an de Montefiore gouf doduerch steeräich.

De Montefiore hat sech 1866 mat der Hortense Bischoffsheim bestuet an d'Koppel huet zu Esneux um Domaine Rond Chêne gewunnt.

Fir un hien z'erënnere steet um Sart Tilman, um Campus vum Institut dat säin Numm huet, eng Büst vun him aus Stee vun 1904, déi vum Thomas Vinçotte skulptéiert gouf.

Dem Georges Montefiore-Levy seng Mamm war eng Kusinn vum Banquier Moses Montefiore.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Montefiore-Levy – Biller, Videoen oder Audiodateien