Georges Moustaki

Vu Wikipedia
Georges Moustaki
Gebuertsnumm Giuseppe Mustacchi, Yussef Mustacchi
Gebuer 3. Mee 1934
Alexandria
Gestuerwen 23. Mee 2013
Nice
Doudesursaach Longenemphysem
Nationalitéit Griicheland, Frankräich
Aktivitéit Komponist, Liddermécher, Sänger, Moler, Dréibuchauteur, Discographesche Kënschtler
Famill
Liewenspartner(in) Édith Piaf

De Georges Moustaki (fir richteg Giuseppe Mustacchi), gebuer den 3. Mee 1934 zu Alexandria an Egypten a gestuerwen den 23. Mee 2013 zu Nice, war e franséische Sänger, Komponist a Lyriker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Moustaki ass als Jong vun engem jiddesch-griichesche Libraire zu Alexandria opgewues, wou en an e franséische Lycée goung.[1] 1951 ass en op Paräis gaangen an huet ugefaange Chansonen ze schreiwen. Hien ass dem Georges Brassens, begéint, deen en encouragéiert huet, Museker ze ginn. De Virnumm vu sengem Kënschtlerpseudonym ass en Hommage un de Brassens. 1958 huet en d'Édith Piaf kennegeléiert, hat eng kuerz Affär mat hir an huet hir den Text vum Lidd Milord geschriwwen.

De Georges Moustaki ass den 23. Mee 2013 zu Nice un enger Longekränkt gestuerwen.[2],[3]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

An den 1960er Joren huet de Moustaki Lidder fir bekannt Chansoninterprete wéi d'Édith Piaf, d'Barbara, de Serge Reggiani, d'Dalida, den Yves Montand, d'Juliette Gréco an den Henri Salvador geschriwwen. Um Enn vun den 1960er Joren huet hie mat der Sängerin Barbara zesummegeschafft a goung mat hir op Tournée. 1968, wéi d'Barbara eng Kéier krank war, hat hie säin éischte Solo-Concert an ass duerno och eleng opgetrueden.

Zu senge bekanntste Stécker gehéieren Ma liberté, Le métèque, Ma solitude, En mediterranée, Hiroshima an Nadjejda.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Moustaki – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. tagesschau.de: Georges Moustaki tot.
  2. Zum Tod von Georges Moustaki: Der fremde Filou, Jan Feddersen, Spiegel Online, 23. Mee 2013
  3. Patriarch des Chansons gestorben, Neue Zürcher Zeitung, 23. Mee 2013, 15:30