Georges Traus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Pierre Georges Traus, gebuer den 10. Januar 1865 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 23. Juli 1941, war e lëtzebuergeschen Architekt.
Hien hat zu Paräis an zu Oochen studéiert.
1893 war hien ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg.
1904 gouf hie mam Lëtzebuerger Ordre de la couronne de chêne am Grad vum Chevalier augezeechent.
Wierker [änneren]
- Monument Dicks-Lentz, 1903 ageweit, um Square Jan Palach, Stad Lëtzebuerg
- Brill-Schoul, Esch-Uelzecht
- Gemengegebai vun der Stad Déifferdeng, Déifferdeng
- Schluechthaus, Hollerech
- Gebai vun der Manufacture de Tabacs Heintz Van Landewyck, zesumme mat dem Michel Wolff, 1935-1936, Hollerech
- Pavillon vu Lëtzebuerg, zesumme mat dem Michel Wolff, 1935, bei der Exposition universelle et internationale de Bruxelles, Bréissel
Literatur [änneren]
- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes : illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, Ss. 169-170
- Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 140
- Lorang, Antoinette, 1988, Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté: Späthistoristische Architektur in Luxemburg. Vol. CIII, PSH, Ss. 304, 306-307