Georges Wagner (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Georges Wagner. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Georges Wagner.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Georges Wagner
Gebuer 14. Oktober 1900
Klierf
Gestuerwen 26. Dezember 1994
Klierf
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Georges Wagner, gebuer de 14. Oktober 1900 zu Klierf, an do gestuerwen de 26. Dezember 1994[1], war e lëtzebuergesche Bäcker, Hotelier, Versécherungsagent[2] a Politiker (CSV)[3].

Hie gouf bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 fir d'éischt als Deputéierten an d'Chamber gewielt, an duerno, bis déi vum 15. Dezember 1968 nach mat, ëmmer nees erëmgewielt. 1965 war hie President vum Benelux-Parlament.

Hie war 1945 a vun 1964 bis 1969 Buergermeeschter vun der Gemeng Klierf.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Als Erënnerung un den Georges Wagner ass um Dräilännereck bei Ouren eng Bréck no him benannt (Georges-Wagner-Brücke)[5].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Georges Wagner op der Websäit www.deltgen.com
  2. Memorial A n°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Versécherungsagenten déi am Januar 1950 zougelooss goufen
  3. Hommage un de Georges Wagner an der 27. Sëtzung vum Sëtzungsjoer 1994-1995 vun der Chamber de 27. Januar 1995
  4. Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale am Luxemburger Wort vum 27. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 2. November 2022
  5. Das Europadenkmal im Dreiländereck