Ger Maas

Vu Wikipedia
Ger Maas
Gebuer 4. Februar 1931
Wolz
Gestuerwen 28. Mäerz 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Graphiker
Famill
Papp Pierre Maas
Glasfënster A Possen

D'Germaine ("Ger") Maas, gebuer de 4. Februar 1931 zu Wolz, a gestuerwen den 28. Mäerz 2020[1], war eng lëtzebuergesch Molerin a Graphikerin.

Si huet hire Studium vun 1949 bis 1951 op der École supérieure des arts modernes an der Académie Julian zu Paräis a vun 1952 bis 1956 op der Akademie der Bildenden Künste zu München gemaach. 1961 war si op der Schule des Sehens zu Salzburg, wou si Schülerin vum Oskar Kokoschka war. 1966 huet si eng Zäit an der Cité Internationale des Arts zu Paräis geschafft.

An Däitschland ass d'Ger Maas duerch hir Buchillustratioune vum Gesamtwierk vum Anton Tschechov bekannt ginn (1960 zu München erauskomm).

Am Joer 1968 huet si déi lëtzebuergesch Caritas-Timberen entworf.

An hirem Wierk fënnt ee virun allem Landschaften, Fraeporträten a floral Motiver.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1955, Galerie Stenzel, München
  • 1959, Galerie Wierschem, Stad Lëtzebuerg
  • 1961, Galerie Montenapoleone, Mailand
  • 1963, Galerie d'Art, Esch-Uelzecht
  • 1964, Galerie Henning Larsen, Kopenhagen
  • 1965, Galerie de l'ortf, Paräis
  • 1968, Maison du Benelux, Den Haag
  • 1969, Galerie Reflets, Bréissel
  • 1972, Galerie Bradtké, Stad Lëtzebuerg
  • 1976, Haus der Kunst, Tallinn (Estland)
  • 1980, Meridian House International, Washington
  • 1985, Galerie Suzel Berna, Antibes
  • 1989, 1991, 1993, 1995, 1999, Galerie Clairefontaine, Stad Lëtzebuerg
  • 1991, Katholische Akademie, Tréier
  • Unie à mes couleurs, 2011, Konschthaus Beim Engel, Stad Lëtzebuerg

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ger Maas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Annonce am Luxemburger Wort vum 4. Abrëll 2020, Säit 58
  2. Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu