Ger Schlechter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Ger Schlechter, gebuer den 28. Juni 1915 um Lampertsbierg an der deemoleger Gemeng Rollengergronn, gestuerwen den 23. Oktober 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schauspiller a Radiosanimateur.
1973 war hie Matgrënner vum Théâtre ouvert Luxembourg.
Bei Radio RTL huet hien d'Emissiounen "Wéi d'Zäit vergeet" an "De Potereck mam Ger" moderéiert.
1995 gouf hie mat der Sëlwer-Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz vun der Actioun Lëtzebuergesch ausgezeechent.
Hie war de Jong vum Schrëftsteller Demy Schlechter, de Brudder vum Moler a Schrëftsteller Pe'l Schlechter, an de Papp vun der Schauspillerin Annette Schlechter an dem Schrëftsteller Lambert Schlechter.