Gerard Mortier

Vu Wikipedia
Gerard Mortier
Gebuer 25. November 1943
Gent
Gestuerwen 8. Mäerz 2014
Bréissel
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Dramaturg
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Akademie der Künste Berlin

De Gerard Alfons August Mortier, gebuer de 25. November 1943 zu Gent a gestuerwen den 8. Mäerz 2014 zu Bréissel[1], war e belschen Operen- an Theaterintendant an den Directeur artistique vun de Salzburger Festspiele.

1981 bis 1991 war hien den Intendant vun der Bréisseler Oper La Monnaie. 1991 gouf en Intendant a kënschtleriechen Direkter vun de Salzburger Festspiele. 2004 bis 2005 huet hien den éischten Zyklus vun der Ruhrtriennale op d'Been gesat, a vun der Saison 2004/05 bis Juli 2009 war hien Direkter vun der Opéra nationale de Paris. 2010 huet en d'Leedung vun der Madrider Oper Teatro Real iwwerholl.[2]

Hien ass mat 70 Joer un engem Pankreastumor gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Detlev Baur: Herrscher der Hallen: Gerard Mortier kam als Intendant von den Salzburger Festspielen, ist für drei Jahre Gründungsintendant der Ruhrtriennale und geht im nächsten Jahr an die Pariser Oper. Ein Gespräch mit dem flämischen Kulturorganisator zum Beginn der Herbstsaison des Mammut-Festivals an der Ruhr. In: Die Deutsche Bühne, 74 (2003), 10, S. 16–18.
  • Gerard Mortier, Karin Kathrein, Hans Landesmann, Gerhard Rohde (Hrsg.): Oper, Schauspiel. Salzburger Festspiele 1992–2001. Zsolnay, Wien 2001, ISBN 3-552-05170-8.
  • Gerard Mortier (Hrsg.): Herbert von Karajan und die Salzburger Festspiele. Dokumentation einer Partnerschaft 1933, 1948, 1957–1989. Mit einer Einleitung von Joachim Kaiser. Residenz, Salzburg 1994, ISBN 3-7017-0844-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gerard Mortier – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Biographie um Site vun der Opéra national de Paris

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gerard Mortier, 70, Intendant Who Courted Innovation and Controversy in the Opera House, Has Died.
  2. Gerard Mortier goes to Madrid. VRT, 27. November 2008