Gerda Taro

Vu Wikipedia
Gerda Taro
Gebuertsnumm Gerta Pohorylle
Gebuer 1. August 1910
Stuttgart
Gestuerwen 26. Juli 1937
El Escorial
Nationalitéit Weimarer Republik
Aktivitéit Krichsfotograf, Fotoreporter, Fotograf
Famill
Liewenspartner(in) Robert Capa

D'Gerda Taro mit biergerlechem Numm Gerta Pohorylle, gebuer den 1. August 1910 zu Stuttgart a gestuerwen de 26. Juli 1937 zu El Escorial a Spuenien, war eng däitsch Fotografin an ass nach haut fir hir Biller vum Spuenesche Biergerkrich bekannt.

Si war d'Duechter vu jiddeschen Elteren, dem Heinrich Pohorylle an der Gisela Boral. D'Eltere waren ëm 1909 vun Ostgalizien (deemools Deel vum Habsburger Räich) an d'Däitscht Räich geplënnert, fir d'éischt op Reutlingen, duerno op Stuttgart.

Op der Charlotteschule zu Stuttgart huet si ënner anerem Franséisch an Englesch geléiert, an do 1927 hiren Ofschloss gemaach. Duerno goung si fir e Joer an e Pensionat bei Lausanne, wou och nach Spuenesch, Stenografie a Schreifmaschinn derbäikoumen.

Ufanks der 30er Joren – d'Famill war an der Tëschenzäit op Leipzig geplënnert – war d'Gerta du mat Fluchblieder a Plakataktiounen un de Manifestatioune géint den Nationalsozialismus bedeelegt. An der Nuecht vum 18. op den 19. Mäerz 1933 gouf si vun der SA a „Schutzhaft“ geholl an eréischt de 4. Abrëll erëm fräigelooss.

Am selwechte Joer ass si, no enger Warnung vun engem Frënn, deen an der SS war, op Paräis geflücht.

Do huet si 1934 den ungaresche Fotograf André Friedmann kennegeléiert, mat deem si duerno och zesumme war. Op senge Reesen huet si fir hie gedolmetscht a Bildënnerschrëfte geschriwwen. Iwwer hien an eng Rëtsch aner Fotografen – dorënner den Henri Cartier-Bresson - koum si schliisslech selwer zur Fotografie.

Warscheinlech fir hir Biller zu engem bessere Präis verkafen ze kënnen, huet d'Koppel dunn decidéiert, sech ëmzebenennen. Aus der Gerta Pohorylle gouf d'Gerda Taro an aus dem André Friedmann de Robert Capa.

Am Juli 1936 hu si dunn decidéiert, den Ausbroch vum Spuenesche Biergerkrich ze dokumentéieren.

Sonndes, de 25. Juli 1937, gouf d'Gera Taro vun engem Panzer iwwerrullt a schwéier blesséiert. Si ass e puer Stonnen drop an engem Frontlazarett zu El Escorial gestuerwen.

D'Gerda Taro gouf op hirem 27. Gebuertsdag um Paräisser Kierfecht Père-Lachaise bäigesat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Imre Schaber: "Gerda TARO Fotoreporterin - Mit Robert Capa im Spanischen Bürgerkrieg - Die Biografie", Jonas-Verlag, Marburg 2013, ISBN 978-3-89445-466-1