Geriichtsorganisatioun (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

D'Geriichtsorganisatioun zu Lëtzebuerg ass déi intern Organisatioun vun de lëtzebuergeschen nationale Geriichter. Dozou gehéiert souwuel den institutionellen Opbau vun der rechtspriechender Gewalt wéi och hire Fonctionnement.

Geriichtsbarkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Als Konsequenz vun der Gewaltentrennung mussen d'Sträitfäll géint Particuliere separat vun de Sträitfäll géint de Staat vun zwou autonome Geriichtsbarkeeten traitéiert ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt eng weider Ënnerdeelung gemaach an et ënnerscheet ee gemenkerhand tëscht den uerdentlechen, de sozialen, den administrativen an de militäresche Geriichtsbarkeeten.

De Verfassungshaff ass juridictiounsiwwergräifend zoustänneg fir all Froen zu der Conformitéit vun engem Gesetz mat der Verfassung.

Uerdentlech Geriichtsbarkeet[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai an deem den Appellatiounshaff, de Cassatiounshaff an de Parquet Général sinn.

Vereinfacht gesot (ouni Spezialkompetenzen ze berücksichtegen), ass d'Friddensgeriicht déi éischt Instanz fir déi kleng Affäre mat engem Sträitwäert bis 10.000 Euro an d'Bezierksgeriicht déi éischt Instanz fir Affäre mat engem Sträitwäert deen do driwwer läit. D'Policegeriicht traitéiert gemenkerhand Contraventiounen an d'Bezierksgeriicht a senge jeeweilege correctionellen a criminelle Kummeren Delikter a Verbriechen.

Appeller géint Urteeler vum Friddensgeriicht a vum Policegeriicht komme virun d'Bezierksgeriicht, Appeller géint Urteeler vum Aarbechtsgeriicht a Bezierksgeriicht komme virun den Appellatiounshaff.

Et gëtt 3 Friddensgeriichter, eent an der Stad Lëtzebuerg, eent zu Esch-Uelzecht an eent zu Dikrech. Et gëtt 2 Bezierksgeriichter, all Kéier eent am Geriichtsbezierk Stad Lëtzebuerg an eent am Geriichtsbezierk Dikrech. Den Ieweschte Geriichtshaff (mam Appellatiouns- an dem Cassatiounshaff, souwéi dem Parquet général) gëtt et just eemol, en ass kompetent fir d'ganzt Land an en huet säi Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.

Sozial Geriichtsbarkeet[änneren | Quelltext änneren]

Dee leschtméigleche Recours bei der sozialer Geriichtsbarkeet läit beim eigentlech uerdentleche Cassatiounshaff.

Administrativ Geriichtsbarkeet[änneren | Quelltext änneren]

Militäresch Geriichtsbarkeet[änneren | Quelltext änneren]

Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

Prinzipien[änneren | Quelltext änneren]

Jiddwereen huet d'Recht, säi Sträitfall virun e Geriicht ze bréngen an eng Decisioun doriwwer ze kréien. Leit déi d'Moyenen net hu fir sech en Affekot ze leeschten, deen een dacks obligatoresch brauch fir sech viru Geriicht vertrieden ze loossen, kënnen dowéinst d'Assistance judiciaire ufroe soudatt de Staat hinnen en Affekot gratis stellt.

Wat op Franséisch "principe du double degré de juridiction" genannt gëtt heescht näischt anescht wéi datt am Prinzip all Affär zweemol jugéiert ka ginn, souwuel an de Faiten wéi och am Droit. Dowéinst gëtt et an de lëtzebuergesche Geriichtsbarkeeten ëmmer zwou Instanzen. Bei Affäre mat klengem Sträitwäert ass déi éischt awer och gläichzäiteg déi lescht Instanz, en Appel ass net méi méiglech, just nach e Recours virum Cassatiounshaff: bis zu 2.000 € virum Friddenstribunal (ausser Pensions alimentaires, Bornagen, Actions possessoires, Servituden, Surendettement, etc), bis zu 1.250 € virum Aarbechtsgeriicht, virum Bezierksgeriicht a Fäll wou dat exklusiv Kompetenz huet, a virum Arbitteschrot vun de Sozialversécherungen. Et sief nach bemierkt datt de Cassatiounshaff keng drëtt Instanz ass, well deen d'Faiten net méi jugéiert, mä just nach déi richteg Applikatioun vum Droit kontrolléiert.

D'Riichter mussen impartial an onofhängeg sinn, d. h. si däerfe net Partei ergräifen oder sech vu Virurteeler leede loossen, an d'Organisatioun vun all Geriichtsbarkeet muss déi néideg Garantië bidden datt et keen Zweiwel un der Impartialitéit an der Onofhängegkeet ka ginn (z. B. däerf e Riichter aus éischter Instanz net an zweeter Instanz sëtzen, en däerf net sëtze wann en eng Sträitpartei gutt kennt, en däerf verschidden zousätzlech Beruffer oder aner inkompatibel Funktiounen net ausüben, en däerf bei der Interpretatioun vun engem Gesetzestext net bei der Exekutiver nofroe wéi déi et gär hätt, etc.).

D'Geriichtsverhandlungen an d'Urteelsverkënnegunge mussen ëffentlech sinn. Dëse Prinzip schaaft eng transparent Justiz, wat eng weider Garantie fir hir Impartialitéit duerstellt. An Ausnamefäll kann eng Geriichtsverhandlung awer och hanner zounenen Diere stattfannen, sou e huis clos ass z. B. bei Zeienaussoe vu Mineuren ubruecht.

All Affär muss an engem Delai raisonnable en Urteel fannen. Ënner anerem Lëtzebuerg ass wéinst Verstouss géint dëse Punkt vum Artikel 6 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun vun de Stroossbuerger Riichter schonn e puermol verurteelt ginn, déi vum Land verlaangen, eng Geriichtsorganisatioun op d'Been ze stellen déi et net nëmmen de Riichter mä souguer de Sträitparteie selwer onméiglech mécht, eng Affär jorelaang ze verschleefen.

Generelle Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

D'Geriichtsverhandlunge gi vun engem Riichter geleet, deen eleng oder an enger kollegialer Formatioun sëtzt. Um Friddensgeriicht sëtzt just 1 Riichter, um Bezierksgeriicht bis op Ausnamefäll ëmmer 3, um Appellatiounshaff, an de sozialen an an den administrative Geriichtsbarkeeten och ëmmer 3, um Cassatiounshaff an um Verfassungshaff der 5. Am Fall wou e Riichterkollegium sëtzt, ginn d'Urteeler mat enger absolutter Majoritéit vun de Stëmme geholl.

D'Staatsanwaltschaft (ministère public) läit bei de Friddens- a Bezierksgeriichter an den Hänn vum Parquet vum jeeweilege Bezierk, a beim Ieweschte Geriichtshaff an deene vum Parquet général. Et gëtt zwéi Geriichtsbezierker, dee vun der Stad Lëtzebuerg an dee vun Dikrech.

D'Geriichtsschreiweren (Greffieren) hëllefen de Riichter bei allen Akten a Protokollen.

Wärend de Justizvakanze vum 16. Juli. bis de 15. September an zwou Woche fir Ouschteren leeft de Service permanent weider, mä an enger reduzéierter Form mat just vereenzelte Vacatiounssëtzungen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Organisatioun vun der uerdentlecher Geriichtsbarkeet op der Säit vun der Justizadministratioun