Germaine Damar - Der tanzende Stern

Vu Wikipedia
Germaine Damar - Der tanzende Stern
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2009-2011
Première 14. Juni 2011
Dauer 59 min
Format 16:9
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Michael Wenk
Dréibuch Michael Wenk
Fotografie Jeff Kieffer
Graham Johnston
Jerzy Palacz
Thomas Wittmann
Musek André Dziezuk
Schnëtt Claude Grosch
Produzent Joy Hoffmann (CNA)
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Germaine Damar - Der tanzende Stern ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Michael Wenk iwwer déi lëtzebuergesch Schauspillerin an Dänzerin Germaine Damar.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Documentaire ass e Réckbléck op d'Liewe vun der Germaine Damar: hir Jugend zu Péiteng an zu Paräis, hiren éischten Optrëtt als Member vun engem Artistentrio an hir Filmcarrière, an där hirem Verlaf si an 28 Kinosfilmer eng Roll hat. Déi ausgebilt Artistin an Dänzerin ass eng vun nëmmen e puer Schauspillerinnen am däitschsproochege Kino an der Zäit nom Zweete Weltkrich, déi sech mat e puer Ausname ganz op de Genre vum Revuefilm festgeluecht huet. Den Dokumentarfilm widmet sech dowéinst och de Charakteristike vun deem Genre, an thematiséiert déi deemoleg Produktiounskonditiounen an den Néiergank vum Revuefilm Ufank der 1960er Joren. Am Mëttelpunkt vum Film steet der Germaine Damar hir Zesummenaarbecht mat Publikumsfavoritte wéi dem Peter Alexander, dem Heinz Erhardt an dem Georg Thomalla.

D'Liewen an d'Karriär vun der Schauspillerin, déi och a Frankräich, Spuenien an Argentinien aktiv war, gëtt durch vill Filmextraiten an zum Deel och Fotodukumenter, déi fir d'éischte Kéier ze gesi waren, illustréiert. Donieft goufen och vill Schauspillerkollegen aus der Zäit interviewt, dorënner d'Sonja Ziemann, de Joachim Fuchsberger, de Walter Giller, de Claus Biederstaedt, de Peter Weck, d'Maria Sebaldt, de Chris Howland, an och de Regisseur Hermann Leitner.

D'Spriecherin vum Film ass d'Désirée Nosbusch.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film hat seng Première de 14. Juni 2011 am Utopia a gouf vum Centre national de l'audiovisuel (CNA) produzéiert. D'Germaine Damar war bei der Première present.[1]

Well d'Auteursrechter ze deier ware konnt de Film awer duerno net méi am Kino gewise ginn. En ass dofir awer am November 2011 op DVD erauskomm.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. tageblatt.lu: Nostalgie pur vum Conny Meurisse(16. Juni 2011)
  2. gouvernement.lu: Rapport d'activité 2011, Le Ministère de la Culture, Säit 81