Gert Steegmans

Vu Wikipedia
De Gert Steegmans gewënnt déi drëtt Etapp op de Quatre jours de Dunkerque 2006.

De Gert Steegmans, gebuer den 30. September 1980 zu Hasselt, an der Provënz Luimburg, ass e belsche professionelle Vëlossportler.

De Steegmans gouf 2003 Profi bei Lotto-Domo, an zanter der Saison 2007 fiert de Gert Steegmans fir d'Ekipp Quickstep-Innergetic zesumme mat dem Tom Boonen. An der U23-Klasse konnt hien 2001 den Omloop Het Volk gewannen a gouf 2002 belsche Landesmeeschter. Säin éischte Succès hat hien 2005 bei der Tour de Picardie, bei där hien eng Etapp gewanne konnt. Duerno huet hien och nach den Nationale Sluitingsprijs an der Belsch gewonnen.

Um Tour de l'Algarve 2006 konnt de Steegmans zwou Etappe gewannen, a gouf am Genaralklassement den Zweeten, hanner dem João Cabreira.

Beim Tour de Belgique dat selwecht Joer huet hien déi lescht Etapp gewonnen.

Am Tour de France 2007 hiet hien déi zweet Etapp gewonnen, viru sengem Coequipier Tom Boonen.

Ekippen[änneren | Quelltext änneren]

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

2005[änneren | Quelltext änneren]

2007[änneren | Quelltext änneren]

2008[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gert Steegmans – Biller, Videoen oder Audiodateien