Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi huet hir Ufäng an der Miliz, déi 1817 ënner dem Kinnek-Groussherzog Wëllem I. gegrënnt gouf.

Miliz (1817-1841)[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Januar 1817 huet de Kinnek-Groussherzog Wëllem I. e Gesetz iwwer d'Organisatioun vun enger Miliz verëffentlecht, déi eng 3.000 Leit gezielt huet, déi bis 1840 an Unitéite vun der hollännescher kinneklecher Arméi gedéngt hunn.

Den Déngscht war op 5 Joer ugeluecht, wouvun dat éischt Joer aktiven Déngscht war, an déi aner Joer de Wierflichtege just dräi Méint am Joer mobiliséiert gouf.

An de Joren 1830 bis 1839 gouf wéinst der belscher Revolutioun de facto kee Lëtzebuerger agezunn.

Lëtzebuergesche Bundeskontingent (1841-1867)[änneren | Quelltext änneren]

Uniforme vum Bundeskontingent

De Lëtzebuergesche Bundeskontingent (Luxemburgisches Bundeskontingent, Contingent fédéral luxembourgeois) war déi Trupp, déi Lëtzebuerg als Member vum Däitsche Bond, huet missen zur Verfügung stellen. De Bundeskontingent war baussent der Festung Lëtzebuerg stationéiert, wou bis 1867 eng preisesch Garnisoun war.

Am Ufank:[1]

  • E Jeeërbatailloun zu Iechternach
  • Eng Kavallerieschwadroun zu Dikrech (am November 1846 ofgeschaaft[2])
  • Een Artilleriesdetachement zu Ettelbréck (am November 1846 ofgeschaaft[2])

D'Truppestäerkt war 1977 Mann, dovun 1.319 aktiver, 220 an der éischter Reserve a 439 an der zweeter.

Mam Arrête royal grand-ducal vum 25. November 1846[1][2] goufen d'Kavallerie an d'Artillerie ofgeschaaft an de lëtzebuergeschen Deel vum Bundeskontingent gouf vum limburgesche getrennt. Den aktiven Effektiv gouf op 1.602 Mann festgeluecht, déi an zwéi Bataillounen opgedeelt waren. An der Reserve waren zwou Kompanië mat am Ganze 533 Mann, an eng Depotskompanie mat mat 267 Mann[3].

  • 1. Jeeër-Batailloun zu Iechternach
  • 2. Jeeër-Batailloun zu Dikrech

Wéi nom Preisesch-Éisträichesche Krich den Däitsche Bond zesummegebrach ass a Lëtzebuerg duerch den Traité vu London neutral gouf, war et als eng vun de Konsequenze mam Bundeskontingent eriwwer.

Jeeërkorps (1867-1881)[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Jeeërkorps gouf mat engem Gesetz vum 10. September 1867 op d'Been gestallt a krut den Numm Luxemburgische Jäger. D'Truppen hunn am Ufank aus engem État-major an zwéi Batailloune bestanen[4].

De Korps, ëm 1910 (Foto: Ch. Bernhoeft)

Korps vun de Gendaarmen a Fräiwëllegen (1881-1944)[änneren | Quelltext änneren]

Mam Gesetz vum 16. Februar 1881 gouf nieft dem Gendarmeriekorps och e Korps vun Fräiwëllegen, déi sou genannt Fräiwëllegekompanie an d'Liewe geruff[5]. Se huet souwuel de Militär- wéi och de Garnisounsdéngscht zu Lëtzebuerg geleescht. Wann et néideg war, konnt se geruff gi fir de Gendaarmen ze hëllefen. Do dernieft war se do fir Personal fir d'Gendarmerie, d'Douane oder aner Verwaltungen zur Verfügung ze stellen.

1940-1944[änneren | Quelltext änneren]

Ënnert der däitscher Okkupatioun, 1940-44, gouf déi ganz Fräiwëllegekompanie mat hire ronn 460 Memberen (inklusiv den Offizéier an de Militärmusiker) an déi däitsch Schutzpolizei integréiert an op Weimar bruecht, wou se fënnef Méint laang eng Formatioun kruten.

Méi wéi d'Hallschecht vun hinne si mat hirer neier Hierarchie a Konflikt geroden, andeems se rebelléiert hunn, Uerdere refuséiert, oder sech geweigert hunn, den Eed op den Hitler ze leeschten, wat derzou gefouert huet, datt der vill vun deene verhaft goufen an och an e Konzentratiounslager koumen. Déi aner hunn den Eed geleescht. Si goufen op verschidde Verbänn vun der däitscher Police verdeelt. 14 vun hinne koumen am Juni 1942 mam Reserve-Polizei-Bataillon 101 an den Distrikt Lublin vum besate Polen ("Generalgouvernement"). Dëst Batailloun war do méintelaang mam Zesummendreiwen an Ermuerde vun Zéngdausende vu Judden am Gaang.[6][7][8]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Reserve-Polizei-Bataillon 101.

Lëtzebuerger an der Brigade Piron (1944)[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Brigade Piron.

Lëtzebuergesch Besatzungszon an Däitschland 1945-1955

No der Liberatioun (1944-1967)[änneren | Quelltext änneren]

D'Korea-Volontairë gehéieren do dozou.

24. Juli 1945: Den 1. Batailloun vun der neier Arméi gëtt zu Walfer vereedegt.[9]

25. Juli 1945: Den 2. Batailloun gëtt zu Diddeleng vereedegt.

1. Januar 1966: Ënner dem Arméisminister Marcel Fischbach gëtt d'obligatoresch Déngschtzäit vun 9 op 6 Méint erofgesat, wat zu engem Konflikt mam "Chef d'État-major" a spéider zu enger Regierungskris gefouert huet.

30. Juni 1967: Den obligatoresche Militärdéngscht gëtt duerch d'Gesetz vum 29. Juni 1967 ofgeschaaft[10].

Aktuell Fräiwëllegenarméi (1967 bis haut)[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Arméi.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • L. Jacoby & R. Trauffler, Freiwëllegekompanie 1940-1945; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1980.
  • Jacques Dollar & Robert Kayser, Histoire de la 'Luxembourg Battery; Lëtzebuerg (Impr. Centrale), 1982; 200 Säiten (ill.).
  • Paul Cerf, Le Luxembourg et son armée - Le service obligatoire au Luxembourg de 1945 à 1967; Lëtzebuerg (RTL Édition), 1984; 218 Säiten (ill.).
  • Jacques Leider, L'armée luxembourgeoise d'après-guerre - Structures, fonctions, fonctionnement; Lëtzebuerg (Saint Paul), 1993.
  • Paul Modert, Le Luxembourg participe à l'occupation de l'Allemagne après 1945 (11 novembre 1945 - 10 septembre 1955); in: Collection Les Amis de l'Histoire, Heft XIII, Ss. 51-129; Lëtzebuerg (Imprimerie Linden), 1983.
  • Armand Blau, Krieg im Land der Morgenstille - Der Luxemburger Einsatz in Korea; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1993.
  • Willy Bourg & André Muller, Eis Garde - Die Geschichte der Großherzoglichen Garde (1945-1966) im Rahmen der luxemburgischen Pflichtarmee; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1990; 464 Säiten (ill.).
  • Anonym/Kollektiv, Historique - Livre d'or: Premier Bataillon d'Artillerie de l'Armée luxembourgeoise; Lëtzebuerg (Impr. OSSA), 1967; 50 Säite mat villen Illustratiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Wirion, L., 1946. La Force Armée du Grand-Duché de Luxembourg, 1815 à 1945. Les Cahiers luxembourgeois, 1946, N° 2, S. 126-141. N° 3/4, S. 202-215.
  2. 2,0 2,1 2,2 Memorial Nr 67, 1846, S. 621-622 (Königlich Großherzoglicher Beschluß vom 25. November 1846, wodurch eine neue Organisation des Luxemburgischen Bundes-Contingents, in Folge des Beschlusses der Hohen Bundes-Versammlung vom 23. Juli 1846, verordnet wird).
  3. Armée luxembourgeoise, Le Contingent Fédéral (1841-1867) Archivéiert op 2017-01-05. Gekuckt de(n) 2015-12-03.
  4. Königl.-Großherzöglicher Beschluß vom 10. September 1867, betreffend die Organisation des Luxemburgischen Jäger-Corps. legilux.public.lu (10.09.1867). Gekuckt de(n) 01.11.2020.
  5. Loi du 16 février 1881 sur l'organisation de la force armée. legilux.public.lu (16.02.1881). Gekuckt de(n) 01.11.2020.
  6. Dostert, P. Luxemburger im Reserve-Polizeibataillon 101 und der Judenmord in Polen. Hémecht, 2000, N° 1, S. 81-99.
  7. Lorang, M. Luxemburg im Schatten der Shoah, Esch-Uelzecht (Editions Phi), 2019.
  8. Courtoy, J. & Hoffmann, E. Neuer Nachweis für Beteiligung am Holocaust. Luxemburger im Reserve-Polizeibataillon 101. woxx, 20.12.2019, N° 1559/1560, S. 20-25.
  9. Bulletin d'information N°8 vum Ministère d'État
  10. Loi du 29 juin 1967 portant abolition du service militaire obligatoire (...). legilux.public.lu (29.06.1967). Gekuckt de(n) 01.11.2020.