Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Stater Geschichtsmusée, Mee 2008.
Haff vum Musée, mat der bemierkenswäerter Bluttbuch.

De Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg, ofiziell Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg ass ee Musée, dee vun der Stad Lëtzebuerg ageriicht gouf.

E gouf am Juni 1996 ageweit a besteet, aus enger permanenter Ausstellung iwwert d'Geschicht vun der Stad, a Raimlechkeeten, déi fir zäitweileg Ausstellunge benotzt ginn.

En ass an engem Ensembel vu véier ale Biergerhaiser aus dem 17. bis 19. Joerhonnert an der Helleg-Geescht-Strooss ageriicht, déi restauréiert an deelweis ëmgebaut goufen. D'Haaptgebai war vu 1732 bis 1797 de Refuge vun der Abtei Orval, a vun 1903 bis 1994 de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien