Gesetz Jourdan-Delbrel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Gesetz Jourdan-Delbrel war e franséischt Gesetz vum 5. September 1798, mat deem den obligatoresche Miltärdéngscht fir eng Zäit vu 5 Joer a Friddenszäiten agefouert gouf.

Et krut säin Numm vun den Deputéiert Jean-Baptiste Jourdan a Pierre Delbrel, déi et proposéiert haten.

Vum Gesetz betraff waren all d'Fransousen am Alter vun 20 bis 25 Joer. De Prinzip vum Gesetz, — « Tout Français est soldat et se doit à la défense de sa patrie » — blouf an all de franséische Regimer bis 1996 erhalen. D'Gesetz war gemaach ginn, fir de groussen Demobilisatioune vu 1794 (700.000 Mann) a 1797 (380.000 Mann), entgéint ze trieden.

Dat Gesetz war den Ausléiser vum sougenannte Klëppelkrich, an den éisträichesch-hollännesche Provënzen, déi vu Frankräich besat waren.

Text vum Gesetz[änneren | Quelltext änneren]

Tous les Français nés la même année forment une « classe », et à l'âge de 20 ans révolus doivent être inscrits ensemble (c'est-à-dire « conscrits ») sur les tableaux de recrutement de l'armée. Les conscrits, avant d'être incorporés, subissent une visite médicale devant un conseil de révision. En temps de paix, le gouvernement peut n'appeler qu'une classe, ou même qu'une fraction de classe. La durée du service militaire en temps de paix est fixée à cinq ans.