Gespär

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gespär an der Kärenhal vun 1860 zu Aire-sur-Adour


E Gespär ass bei Holzkonstruktiounen en Drowierk, bei deeem d'Haaptlaascht déi op den Drodunne läit duerch schréi Verstriewungen opgeholl gëtt, an doduerch gläichméisseg op d'Maueren, Säilen, oder aner Opleeër weidergeleet gëtt.

Gespärer ginn am Hausbau fir Daachkonstruktioune gebraucht, besonnesch bei Diech mat besonnesche Formen, déi net direkt duerch Maueren oder aner Stäipe gedro ginn, an am Bréckebau.

D'Gespär fënnt een awer och am moderne Stolbau, a bei Eisebëtongskonstruktiounen am Bréckebau. Eng einfach Form vu Gespärer am Bréckebau sinn d'Fachwierkkonstruktiounen. Stäipe vun der rouder Bréck, sinn am Fong näischt anescht wéi e modernt stole Gespär.

A groussen Hale bestinn hëlze Gespärer hautdesdaags dacks aus geläimten Dunnen, Läimbënneren, déi duerch hir besonnesch Konstruktioun amstand sinn grouss Drowäiten ze garantéieren. Och am Bréckebau ginn dës agesaat. Gespärer aus geläimten Dunnen hunn den Avantage datt se am Fall wou ee Feier ausbrécht, net esou séier zesummebriechen, wéi stole Konstruktiounen, déi sech béien, soubal wéi se eng gewëssen Temperatur kréien, ouni datt emol eng Flam drukënnt.

[änneren] Bekannte Brécken déi mat hëlzene Gespärer gebaut sinn

Verschidde Bréckegespärer
Commons: Rafters (structural systems) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen