Äerdänleche Planéit

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gestengsplanéit)
Déi bannenzeg Struktur vun de Planéiten aus dem bannenzege Sonnesystem nieft där vum Äerdmound am selwechte Gréisstevergläich

Als äerdänlech Planéiten oder terrestresch an telluresch Planéiten oder och Gestengsplanéite ginn an der Astronomie an an der Planetologie déi Kierper am Sonnesystem bezeechent, déi an hirem Opbau eiser Äerd gläichen: si besti vollstänneg oder bal vollstänneg aus festen Deeler, an hu meeschtens e Schuelenopbau: am Zentrum ass en Eisekär, doriwwer eng deck Schicht, de sougenannte Mantel, aus Silikater an Oxiden, an do driwwer eng dënn Kuuscht, déi och aus Silikater an Oxide besteet, awer ugeräichert ass mat Elementer, déi net an dat Mantelgestengs agebaut kënne ginn a mat der Zäit „ausgeschweesst“ ginn (zum Beispill Kalium, rar Äerden, Uran). An e puer Fäll schléisst sech iwwer der Kuuscht eng Atmosphär un, a bei der Äerd läit nach d'Hydrosphär (Ozeane, Séiën,...) dertëscht. Weider gläichen Duerchmiesser a Mass, awer besonnesch och déi duerchschnëttlech Dicht, deene vun der Äerd. D'Dicht beweegt sech graff tëscht 4–6 g/cm3.

Historesch gehéieren nëmmen déi véier bannenzeg Planéiten aus eisem Sonnesystem an d'Grupp vun den terrestresche Planéiten: Merkur, Venus, Äerd a Mars. Mëttlerweilen zielen d'Planetologen awer och – och wann et keng Planéite sinn – den änlech opgebauten Äerdmound, d'Jupitermounde Io an Europa souwéi déi gréisser Äismounden wéi de Ganymed, Kallisto, Titan, an Triton dozou. An deenen zu lescht genannten Äismounde kann zwar den Eisekär feelen, an en Äismantel a Plaz vun engem Silikatmantel trieden, awer déi grondsätzlech Beschreiwung vun dësen Äismounden, hiert Entstoen an hir Entwécklung gläicht deene vun de klassesche Virbiller. Och den Zwergplanéit Ceres an de groussen, differenzéierenden Asteroid Vesta kënnen an dës Grupp agereit ginn.

Wéinst der feelender Genauegkeet a Leeschtungsfäegkeet vun de Miesssunge konnt bis elo vu kengem extrasolare Planéit eng äerdänlech Natur nogewise ginn. Et geet een awer dovun aus, datt terrestresch extrasolar Planéiten existéieren.

An Ofgrenzung zu den terrestresche Planéite bezeechent een d'Gasrisen als Jupiter-änlech oder iovianesch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]