Gewéinleche Chondrit
Gewéinlech Chondrite sinn déi heefegst Meteoriten. Si hu kugelfërmeg Aschlëss vu Mineralien, d'Chondren, déi gewéinlech aus Olivin an/oder Pyroxen bestinn. D'Chondre representéieren d'Matière, déi fréi aus dem solaren Urniwwel kondenséiert ass. Doniewent enthalen d'Chondriten ënnerschiddlech héich Undeeler aus Néckeleisen vu 5 bis 20 %.
Je no Metallgehalt erfollegt eng Klassifizéierung an d'Gruppen:
- H-Chondriten (High-Metal, Fe-Gehalt: 27,5 Gewiichts-%)
- L-Chondriten (Low-Metal, Fe-Gehalt: 21,5 Gewiichts-%)
- LL-Chondriten (Low-Metal, Low-Iron, Fe-Gehalt: 18,5 Gewiichts-%)
Déi notéiert Fe-Gehalter bezéie sech op den totalen Eisengehalt, d. h. Eisen a metallescher wéi och an oxidéierter Form. Eng Iwwersiicht iwwer d'Heefegkeet vun aneren Elementer an de verschiddene Chondriteklasse ka beim Kallemeyn et al. (Geochemistry of ordinary chondrites, Geochimica et Cosmochimica Acta, 1989, Vol. 53, Seite 2747-2767) fonnt ginn.
Opgrod vum verschiddenen Ausgesinn vun de Chondrite gouf eng Andeelung a petrologesch Klassen vun 1 bis 6 virgeholl, déi d'Entwécklung vun de Meteoriten zréckgëtt. Sou goufe Chondrite vun der Klass 1 während hirer Entwécklung kengen Temperature vu méi wéi 50 °C ausgesat a bloufe bal onverännert. Meteorite vu méi héije Klasse goufe méi staark opgewiermt, wouduerch sech déi kristallin Struktur verännert hat. Chondrite vun der Klass 6 goufen op iwwer 950 °C erhëtzt.
Et gëtt dovun ausgaangen, datt déi ënnerschiddlech Klasse vun de Chondriten a verschiddenen Zone vun differenzéierten Asteroide entstane sinn. Chondrite vun der Klass H 3 sinn dobäi un der Uewerfläch, d'Klassen H4, H5, H6 an H7 an zouhuelender Déift entstanen.
Vertrieder vu gewéinleche Chondrite sinn:
- H3: Korra-Korrabes (Meteorit)
- H5: Gao-Guenie (Meteorit)
- H6: Peekskill (Meteorit)
- H7: NWA 4229 (Meteorit)
- L4–6: NWA 3009 (Meteorit)
- L5: Ghubara (Meteorit); NWA 869 (Meteorit)
- L6: Benthullen – Däitsche Meteorit