Giambattista Donati
De Giambattista Donati (och Giovanni Battista Donati), gebuer de 16. Dezember 1826 zu Pisa a gestuerwen de 19. September 1873 zu Florenz war en italieneschen Astronom.
Den Donati huet no sengem Studium an der Universitéit vu Pisa seng wëssenschaftlech Lafbunn 1852 als prakteschen Astronom am Observatoire zu Florenz ënnert der Leedung vum Giovanni Battista Amici ugefaangen. 1864 ass hie de Nofolger vum Amici ginn. Den Donati entdeckt tëschent de Joere 1854 a 1864 sechs Koméite, dorënner 1858 deen no him genannten Donatesche Koméit (C/1858 L1). De Koméit hat een iwwergrousse Schwanz , deen den halwen Himmel ageholl huet. Et ewar deen hellste Koméit vum 19. Joerrhonnert. Déi total Sonnendäischtert vum Joer 1860 huet hien a Spuenien observéiert.
Hien huet d’Regierung iwwerzeegt, 1860 bis 1872 ee neien Observatoire op dem Hiwwel vun Arcetri bei Florenz opzeriichten (kuckt Observatoire Arcetri).
Den Donati huet sech och mat dem Funkelen vun de Fixstäre beschäftegt, mat der irregulärer Stralenbriechung, mat den Stärespektren a mat der Theorie vum Polarliicht.
De Giambattista Donati ass den 19. September 1873 un enger Epidemie gestuerwen.
Den Asteroid (16682) Donati gouf no him genannt.
[änneren] Um Spaweck
- (en) Kurzbiographie