Giele Ris
Absziss: Faarwenindex
Ordinat: absolut Hellegkeet
0, Ia, Ib: Iwwerrisen, II: Hell Risen , III: Risen , IV: Ënnerrisen , V: Haaptsequenz (Zwergen) , VI: Ënnerzwergen , VII: Wäiss Zwergen
E Giele Ris ass e masseräiche Stär mat Spektralklassen F an G.
Giel Risestäre stralen hiert Liicht virun allem am visuelle Beräich an erschéngen opgrond vun hirer Uewerflächentemperature gielzech resp. gielwäiss. Giel Risen si méi kill a méi massenaarm wéi vergläichbar ähnlech grouss Bloe Risen. Am Géigesaz zu Rout Risen, déi hir Gréisst eréischt am Endstadium vun hirer normaler Stärenentwécklung erreechen, wa si sech ausdeenen, sti Giel Risen am Ufank oder an der Mëtt vun hirem Liewen. Bei villen handelt et sech awer ëm fréier Blo Risen oder schwéier Haaptreiestäre, déi sech mat enger gieler Phas kuerz virun hirem Enn a Rout Rise oder Rout Iwwerrisen ëmwandelen.
Mat 5000–7500 K ass hir Uewerflächentemperatur vergläichbar mat där vun eiser Sonn. Giel Rise befanne sech ëmmer am mëttleren ieweschte Beräich vum Hertzsprung-Russell-Diagramm.
Giel Rise verbrauchen hire Kärbrennstoff an zéng bis honnert Millioune Joer. Duerno blähen si sech zu Rouden Iwwerrisen op an enden an engem Typ II-Supernova.
[änneren] Beispiller
| Numm | Mass | Radius | Liichtkraaft |
|---|---|---|---|
| Arneb (α Lep A) | 9 M☉ | 75 R☉ | 13.000 L☉ |
| Canopus (α Car) | 8 M☉ | 72 R☉ | 14.800 L☉ |
| Capella Aa (α Aur Aa) | 3 M☉ | 10,8 R☉ | 75,8 L☉ |
| My Velorum A (μ Vel A) | 3 M☉ | 13 R☉ | 90,6 L☉ |
| Sham (α Sge A) | 4 M☉ | 20 R☉ | 340 L☉ |
| Wezen (δ CMa) | 17 M☉ | 200 R☉ | 50.000 L☉ |
Am Allgemengen si Giel Risen relativ rar.