Gieweler Baach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Giewelerbaach)
Gieweler Baach
D'Gieweler Baach, ënnerzeg vun der Neimillen, flossop gekuckt.
Längt ca. 6 km
Originn
Plaz Gëtzen
Héicht 314,30 m
Koordinaten 49° 39’ 33.7’’ N
      05° 59’ 08.8’’ O
Konfluenz
Leeft an Äisch
Plaz an der Géigend vun der Fockemillen
Héicht 263,20 m
Koordinaten 49° 40’ 47.5’’ N
      05° 56’ 19.0’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Gemeng Käerch
Uertschaften Gëtzen, Giewel, Käerch
D'Gieweler Baach am Ausgank vu Käerch (2010)
Dall vun der Gieweler Baach vun der Neimillen aus an Direktioun Äisch gesinn. Am Fong lénks den CR105

D'Gieweler Baach ass eng Baach um Territoire vun der Gemeng Käerch. Si huet hir Quell am Oste vu Gëtzen, a leeft vun do aus no Nordwesten, laanscht Giewel, an duerch Käerch, wou se vum Gréiweschlass un, a Réier ënner dem Buedem, bis an den Ausgank vun der Uertschaft leeft. Do geet et dann nach e Stéck vu ronn 200 Meter weider an engem Bëtongskanal, éier se erëm hiren natierleche Laf erëmfënnt.

Duerno leeft se an engem Wisendall weider an Direktioun Neimillen, frësst just virdrun op enger kuerzer Streck um rietsen Uwänner um Sandsteen vum Franzebierg fir dann eng ronn 500 Meter no der Neimillen, soubal wéi se ënner dem CR105 erduerch ass, eng 450 Meter virun der Fockemillen, vu riets an d'Äisch ze lafen. Se ass ronn 6 km laang.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gieweler Baach – Biller, Videoen oder Audiodateien